Amoklaf an den USA

De 24. Mee huet een déidlechen Amoklaf an enger Schoul zu Texas stattfonnt.

Een 18 Joer ale Mann huet am Bundesstaat Texas 21 Mënschen an enger Grondschoul aus dem Liewe gerappt. Nach elo fäerte vill Familljen – d’Affer sinn nach net all identifizéiert.

Leider ass et eng Tatsaach, datt Massaker a Schoulen ëmmer méi dacks virkommen. An de vergaangene Jore sinn 126 Mënsche bei Amokleef a Schoulen ëm d’Liewe komm. Fir sech ze schützen, hunn d’Kanner sech mat Blutt ageriffen a sech dout gestallt.

Anscheinend hat den Täter säi Plang op Instagram ugekënnegt. D’Doudesaffer a Blesséierter waren all an engem Klassesall. Hien huet dëst verbarrikadéiert an drop lassgeschoss. Ee vun den Doudesaffer war d’Léierin. Mëttlerweil hu Medie confirméiert, datt hire Mann dono u gebrachenem Häerz verstuerwen ass.

Elo wëll den US-Präsident d’Waffegesetzer an den USA verschäerfen.

Den Täter, deen bei senge Grousseltere gewunnt huet, ass an der Robb Elementary School vun der Police erschoss ginn. Virum Amoklaf huet hien och mat der Schosswaff d’Groussmamm blesséiert – kalbliddeg op si geschoss, ma si huet iwwerlieft.

Dernières nouvelles