Nordstad: Den ACL mécht seng Dieren zu Angelduerf op

Neen, dat eleiten ass keen Abrëllsgeck, mee vill éischter eng gutt Saach fir all ACL-Member an interesséiert Persoun aus dem Norde vum Land. Ab haut begréisst den Automobilclub seng Clienten op sengem neie Site.

Bal all d’Servicer, déi och zu Bartreng ze fanne sinn, ginn ugebueden: Vun der Berodung, hin zum Verkaf vu Vignetten an Abonnementer vu Bip&Go, Tourismusservicer oder och d’Locatioun vu verschiddensten Typpe vu Gefierer si méiglech.

Ma, den ACL Diagnostic Center mat sengen techneschen Installatiounen ass allerdéngs net vertrueden. Hei mussen d’Memberen weiderhin de Site zu Bartreng besichen.

Den ACL mécht seng Dieren zu Angelduerf op
© ACL

Bis Enn Juni bleift de Conservatoire National des Véhicules Historiques zu Dikrech e Kontaktpunkt vum ACL.

Ze fannen ass den neien ACL-Site op der Adress 34, route d’Ettelbruck 9160 Angelduerf. Op ass vu Méindes bis Freides, jeeweils vun 8 bis 18 Auer.

Dernières nouvelles