Haiti: Nom Äerdbiewen den Armageddon

Nodeems um 14. August 2021 en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,2 de Süde vun Haiti getraff huet, gëtt d’Situatioun ëmmer méi ugespaant. De Manktem u Kraaftstoff féiert dozou, datt d’Liewensmëttelpräisser klammen, d’Waasserversuergung gläich net méi garantéiert ka ginn an och d’Transportméiglechkeeten ageschränkt sinn.

D’Bevëlkerung leit, a lues awer sécher kann och d’Gesondheetspersonal näischt anescht méi maachen, wéi hëlleflos nokucken. D’Spidol fir Traumatologie a Verbrennungen, dat zu Tabarre vun den Dokteren ouni Grenzen ageriicht gouf, huet virun 10 Deeg seng Aktivitéite staark misse limitéieren. Just nach liewensbedreelech Urgence ginn ugeholl. D’Debra Donckel-Sances vun MSF war op der Plaz fir ze hëllefen an huet just ee Wuert fir d’Situatioun: Armageddon.

Schonn an 3 Woche wäerten d’Generatoren zu Tabarre an am Noutfalzenter zu Turgeau kee Sprit méi hunn. „Déi medezinesch Strukturen zu Port-au-Prince sti virun de selwechten Erausfuerderungen: Kee Kraaftstoff, keng Elektrizitéit, keng medezinesch Versuergung“ erkläert de Jean-Gilbert Ndong vun MSF.

Fir d’Generatoren ze entlaaschten, géif een elo Solaranlagen opriichten. Ma, de Manktem u Kraaftstoff féiert awer och dozou, datt medezinescht Personal dru gehënnert gëtt op d’Aarbecht ze kommen. Esou huelen déi meescht ëffentlech a privat Gesondheetsstrukturen zu Port-au-Prince keng nei Patiente méi op, respektiv goufen hir Servicer staark limitéiert.

Haiti nom Äerdbiewen
Am Spidol zu Tabarre: En 3-järege Patient spillt mam Kiné, fir säin duerch d’Äerdbiewen blesséierten Arem nees beweegen ze kënnen © Dokteren ouni Grenzen

De Jean-Gilbert Ndong ënnersträicht, datt een an dëser Situatioun emol keng Patiente méi viru verweise kann. Hien erzielt vun enger Patientin mat Otemproblemer, déi vun MSF stabiliséiert gouf an duerno vu 4 verschidden Zentren ofgeleent ginn ass, wou MSF normalerweis Patiente viruleet. Eréischt beim 5. Etablissement gouf d’Patientin schliisslech ugeholl.

Dobäi kënnt nach, datt ouni Kraaftstoff d’Pompelen net méi kënne bedriwwe ginn, déi d’Quartieren vun der haitianescher Haaptstad mat Waasser versuergen. Wann et esou viru geet, dreeën vill medezinesch Servicer hir Diere komplett zoumaachen ze mussen

Dernières nouvelles