Urologeschen Informatiounsdag am Auchan

Um Donneschdeg huet sech de Visiteure vum groussen Akafszenter um Kierchbierg, een ongewinnt Bild gebueden. Sécher, un déi sougenannt PopUp-Geschäfter hu sech déi allermeeschte Mënschen an der tëscht gewinnt, och am Auchan. Dës ephemer Butteker ginn awer fir gewéinlech, vun de Leit besat, déi sech selwer „ausprobéiere“ wëllen oder préiwen, ob hiert „Produkt“ d‘Clienten erfreet…

Wann dann awer den HRS (Robert Schumann Spideeler) wéi um haitegen Donneschdeg gesinn, ee „Geschäft“ a Beschlag hëlt, da gëtt de Virwëtz erausgefuerdert. An dat ass och gutt esou, wëll haut huet et ee groussen urologeschen Informatiounsdag ginn. Dat am Kontext vu Sensibiliséierung-Mount zu de männleche Kriibserkrankungen. Hei ass haaptsächlech de Prostatakriibs gemengt.

HRS

Männer, och dat ass gewosst, gi bei den Dokter wa se krank sinn, mat der Preventioun hunn déi allermeeschten et nach net esou. En Infodag am Spidol, géif also net déi gewënschte Clientèle unzéien. Well Männer previsibel sinn, a mat hire Fraen akafe ginn, ass d‘Organisatioun vun esou engem jo awer wichtegen Informatiounsdag am Auchan, ee gudde marketingsstrategeschen Coup.

Ob sech elo vill dëser Männer tëscht 11 an 15 Auer am HRS Popup-Store mam Expert ausgetosch hunn, dat wësse mir net. Wat mir awer wëssen, ass dat ee ganz ëmfänglech informéiert ginn ass an engem dann och emol déi ganz „Instrumenter“ zu Behandlung gewise goufen. Ugesiichts de gudde Fortschrëtter an der Medezin, sollt ee keng Angscht méi hunn, an Agrëff virhuelen ze loossen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Dernières nouvelles