Virun 58 Joer: Ufank vum Frankfurter Auschwitz-Prozess

Am polneschen Auschwitz sinn iwwer 1 Millioun Mënschen, dovunner zuelräich Judden op grausam Aart a Weis ëmbruecht ginn. Och haut nach steet dat gréisst Konzentratiouns- a Vernichtungslager als Symbol dofir, wat Haass, Diskriminatioun a Rassismus uriichte kënnen. Nom Zweete Weltkrich huet d’Justiz missen erkennen, wou hir Grenze leien. Wie waren d’Täter? Wat kann een hinnen noweisen a wéi soll een dës Verbrieche bestrofen?

An den éischte Joren no 1945 si Persoune wéi de Rudolf Höß, éischte Kommandant vun Auschwitz, de Kommandant Josef Kramer oder och de Kommandant Arthur Liebehenschel zur Verantwortung gezu ginn. Uschléissend sinn intensiv Ermëttlungen an d’Weeër geleet ginn, bis datt schliisslech den 20. Dezember 1963 – iwwer 18 Joer no dësem donkele Kapitel – de sougenannten Frankfurter Auschwitz-Prozess ufänke konnt. E schlecht Gewëssen oder Schimmt huet kee vun den Ugeklote gewisen.

Frankfurter Auschwitz-Prozess
www.auschwitz-prozess.de

Duerch seng Hartnäckegkeet soll de Fritz Bauer, deemolege Generalprocureur vun Hessen a selwer KZ-Häftling d’Prozesser virugedriwwen hunn. Seng Fra a Kanner konnten d’Lager net iwwerliewen an esou wollt hie fir d’Gerechtegkeet vun allen antrieden, deenen et selwecht ergaangen ass, respektiv déi mat Péng a grausamen Erënnerunge viru liewen.

Fir d’Prozesser huet een als éischt missen op d’Frankfurter Gemengenhaus Römer zeréckgräifen, ier et duerno an dat neit Biergerhaus Gallus gaangen ass. Just esou konnt genuch Plaz gebuede ginn.

Virsëtzende Riichter war den Hans Hofmeyer. Viru Geriicht stoungen 22 ugeklote Persounen – 21 dovunner aus dem Lager-SS an ee Funktiounshäftling. Ganzer 20 Méint huet de Strofprozess gedauert, 360 Zeien, dovunner 211 Iwwerliewender vun Auschwitz goufe befrot an iwwer 20.000 Visiteuren hunn d’Prozedur verfollegt.

Frankfurter Auschwitz-Prozess
Skizz vum Geriichtssall am Haus Gallus vum Erich Dittmann – www.auschwitz-prozess-frankfurt.de

D’Justiz ass schnell un hir Grenze komm. Oft gouf et net genuch Beweiser, datt eng Persoun eng bestëmmten Dot verriicht huet. Vill Ugekloter hunn uginn, net gewosst ze hunn wat zu Auschwitz geschitt.

Et gouf ënnerscheet tëscht dem Fall vun Einzeltötung, wou op Eegeninitiativ ermuert gouf, dem Mittäter deen op Kommando vun uewen gehandelt huet oder dem Gehëllef, deen e Befeel „just“ ënnerstëtzt huet. Bei de Frankfurter Prozesser war et an de meeschte Fäll esou, datt e gemeinschaftlecht Masseverbriechen stattfonnt huet, bei deem d’Uerdere vun anere befollegt goufen. Doduerch sinn d’Strofen relativ kleng ausgefall.

D’Urteel vum 19. August 1965 ënnersträicht dës Schlussfolgerung: 6 Persoune goufen liewenslaang Haft verurteelt, eng Persoun wéinst Mord zu 10 Joer Jugendstrof, 10 Persounen kruten als Gehëllef tëscht 3 a 14 Joer Prisong an 3 Persoune goufe fräigesprach.

Den nationalsozialistesche Regimm huet Milliounen Affer gefuerdert. Eleng zu Auschwitz hunn iwwer 8.000 Persoune fir d’Schutzstaffel geschafft a sech esou um gréisste Verbrieche vun eiser Zäit bedeelegt. D’Opaarbechtung vum Holocaust war an ass nach ëmmer schwiereg, allerdéngs wäert och net déi héchste Strof dës Doten réckgängeg maachen.

Dernières nouvelles