Fraen am Automobilsport

Den 9. Mäerz 2022, huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer den Nationale Konservatoire fir historesch Gefierer zu Dikrech besicht.

An dësem Kader, wollt d’Ministesch méi iwwert d’Ausstellung « Fraen am Motorsport » gewuer ginn. Besoten Ausstellung gouf zesumme mat Ministère organiséiert ginn.

D’Ausstellung weist ënnert anerem d’Team „Aseptogyl“, dat staark vu Frae gepräägt gouf. Et ass eng groussaarteg interaktiv Initiativ, fir d’Stereotyppe ronderëm dëse Sport ze hannerfroen. Dës weidere bitt se gläichzäiteg d’Méiglechkeet op eng léierräich Manéier un den, nach ëmmer bestoenden Ongläichheeten tëscht Fraen a Männer deelhuelen.

Dofir huet d’Ministesch betount, datt dës Stereotyppen an der Automobilswelt nach ëmmer present sinn an hannerfrot musse ginn – an datt Initiativen a Projeten eppes dorunner ännere sollen. Fraen sollen am nationalen (an internationalen) Motorsport gefërdert ginn.

Dernières nouvelles