Offiziell Aweiung vum neien Espace POST um Hamilius

Am Häerze vun der Stad Lëtzebuerg, direkt um Hamilius, befënnt sech zanter dësem Joer den neien Espace POST, dee leschte Samschdeg offiziell ageweit duerft ginn. Op zwou Etage kann de Client vun der Gesamtheet vun de Servicer profitéieren.

Vis-à-vis vum alen an historesche Postgebai huet d’POST Lëtzebuerg seng nei modern Raimlechkeeten op 265 m². Um Rez-de-Chaussée fënnt de Client d’Beräicher Post a Finanzen, wärend op der éischter Etage d’Telekommunikatioun ass.

Offiziell Aweiung vum neien Espace POST um Hamilius
© POST Lëtzebuerg

Bei der Aweiung waren de Wirtschaftsminister Franz Fayot, d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, an de Generaldirekter vu POST Lëtzebuerg, de Claude Strasser present.

Dernières nouvelles