Tëscht Verzweiwlung an Hoffnung: D’Bich ass de Bam vum Joer 2022

D’Bich gouf zum Bam vum Joer 2022 ernannt, an dësen Titel krut se zu Recht! Net fir näischt gëtt de Fagus sylvatica, wéi de Bam op Laténgesch heescht, och nach „Mamm vum Bësch“ genannt.

An Europa, an zemools an eise Géigenden gehéiert d’Bich (mir schwätzen hei vun der „Rotbuche“) zu den am meeschte vertruedene Beem. Ëm 300 Joer al a 45 Meter héich ka se ginn. Den Numm bezitt sech dobäi op dat roudelzegt Holz. Déi eelste Bich steet iwwregens an den Éisträicher Kalkalpen – si soll ee phenomenalen Alter vu 550 Joer hunn.

Souwuel fir d’Ëmwelt, wéi och fir de Mënsch huet d’Bich eng ganz Rei Virdeeler ze bidden. Zum enge suergen hir Wuerzelen an d’Blieder, déi am Hierscht eroffalen, fir e gudde Buedem am Bësch. Duerch hiert haart Holz gëtt si zum anere gäre genotzt fir Miwwelen ze bauen, oder och fir hëlze Biedem oder och Trapen ze verschaffen. Dobäi kënnt hiren héije Brennwäert.

Bam vum Joer 2022
Eng al Bich am Hierscht © Jean-Pol Grandmont (CC BY 3.0)

E besonnesch interessante Fakt: Dat däitscht Wuert „Buchstabe“ kënnt warscheinlech vun der Bich. D’Germanen solle fréier Holzstäbercher aus Bichenholz genotzt hunn, fir hir Runen duerzestellen. Aus dem Germanesche „bōk“ fir „Buch“ a „staba“ fir „Staf“ ass schliisslech de „Buschtaf“ entstanen.

E kuerzen Ausfluch an d’Geschicht vum „Bam vum Joer“

Am Joer 1972 hat sech den Ëmweltschutzveräin Wahlstaed gegrënnt, huet dunn duerch den Debat ronderëm d’Bëschstierwen an den 80er Joren d’Aktioun „Rett de Bësch“ an d’Liewe geruff a sech 1989 zum Veräin „Baum des Jahres e.V.“ ëmbenannt.

D’Zil ass et virun allem méi Bewosstsinn fir eis Ëmwelt ze schafen an e positiivt Verhältnis zu de Beem ze schafen. Den Interessi ronderëm de Bam- an Naturschutz soll sech dobäi och op d’Bedreeung an d’Gefore vun der Zerstéierung vun eiser Natur bezéien. D’Spenden notzt de Veräin, fir Informatiounsmaterial ronderëm de jeeweilege Joresbam.

Bam vum Joer 2022
© Thue (gemeinfrei)

Schonn 1990 en Éierentitel

Virun 32 Joer huet d’Bich den Titel „Bam vum Joer“ eng éischte Kéier fir sech beusprocht. Wéi grad erkläert, huet sech deemools d’Opmierksamkeet um Stierwe vun eise Bëscher geleeën. D’Problematik huet awer net vill geännert, an esou gëllt d’Bich als Symbol vun der Verzweiwlung an der Hoffnung.

Zum engen leit dës wichteg Bamaart ënnert de Wierderkonditiounen. Dréchenten schwäche besonnesch déi al Bichen. Gläichzäiteg läit d’Hoffnung awer op de jonke Beem, déi op déi waarm Temperature mat enger Reduktioun vun der Blatdichte reagéieren. Esou soll an der Kroun en héije Waasserverloscht duerch Verdonsten verhënnert ginn.

Eréischt am Oktober 2021 huet eng vun den eelste Bichen vun der Stad Lëtzebuerg missen ewechgeholl ginn. Am Haff vum Lëtzebuerg City Museum huet den ëm 260 Joer ale Bam gestanen, gouf allerdéngs vun engem Pilz befalen, deen d’Bich esou geschwächt huet, datt si gedreet huet ëmzefalen.

Dernières nouvelles