D’Bauerenzentral ass besuergt

D’Bauerenzentral bekräftegt virum Hannergrond vun der russescher Invasioun an d’Ukrain, d’Wichtegkeet vun der lokaler Liewensmëttelproduktioun a warnt gläichzäiteg virun dem kommende Versuergungsmanktem weltwäit.

D’Ukrain wäert op onbestëmmten Zäit als wichtegen Exporteur vu Weizen, Mais a Planzensom ausfalen. Och déi weltwäit Handelssanktiounen op russesch Exporttransporter wäerten hiren Néierschlag fannen. Béid Länner exportéieren zesummen iwwer 20%. Domat ass een Enkpass scho virprogramméiert. An net nëmmen an dësem Beräich.

Souguer wann et kuerzfristeg net zu enger Liewensmëttelknappheet an West- a Mëtteleuropa komme wäert, esou mussen déi kierzlech gefaassten produktiounsaschränkend Virschrëften bannen der EUAgrarpolitik onbedéngt iwwerduecht ginn. Virun dem Hannergrond vun der aktueller politescher Situatioun ass deen a Verbindung mat der Farm-to-Fork-Strategie ze erwaardende Réckgang vun der landwirtschaftlechen Produktioun net méi laang vertrietbar. Dës muss ausgesat ginn.

Genausou ewéi d’Aschränkunge bei der Düngung an dem Planzeschutz. D’Situatioun um Düngemëttelmaart huet sech nom russeschen Ugrëff op d’Ukrain weider verschäerft. De Risiko vun engem Liwwerstopp aus Russland ass esou reell ewéi nach ni. Een Mangel un Dünger wäert zwangsleefeg negativ Auswierkungen op d’Qualitéit vun den nächsten « Ernten » hunn.

Dës weideren wäert de russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain d’Situatioun um Energiemaart nach weider verschäerfen. Da klëmmt de Präis beim Gas – an dat wierkt sech op den Dünger aus.

D’Bauerenzentral erkennt d’Wichtegkeet vun den ökologeschen Aspekter vun enger gemeinsamer Europäischer Agrarpolitik un. Dës mussen awer an de kommende Méint an den Hannergrond trieden.

*matgedeelt vun der Bauerenzentral

Dernières nouvelles