CGDIS: Feier am Belval Plaza 2 fuerdert eng blesséiert Persoun

E Brand an den ieweschten Etage vum Belval Plaza 2 huet ronn 30 Pompjeeën um fréien Dënschdeg Moien an Alarmbereetschaft versat. Op der Plaz hunn d’Asazkräfte misse feststellen, datt de 7. Stack vum Appartementshaus a Flame stoung.

Wärend d’Läschaarbechte schnell viru gaange sinn an esou d’Feier glécklecherweis op eng eenzeg Wunneng begrenzt konnt ginn, hunn d’Ekippe mat Otemschutzmask eng verletzen Persoun aus dem concernéierten Appartement gerett. No enger Éischtversuergung vum SAMU gouf de Blesséierten an d’Spidol bruecht.

Feier am Belval Plaza 2
© CGDIS

Am Asaz waren d’Pompjeeë vum CIS Esch-Uelzecht, Suessem-Déifferdeng a Schëffleng. An dësem Kader gouf nach emol drun erënnert, wéi wichteg d’Installatioun vu Feiermelder Doheem ass. Esou ka wichteg Zäit gewonnen, eng schnell Reaktioun garantéiert a Schlëmmeres verhënnert ginn-

Dernières nouvelles