Benefizkonzort fir déi Betraffe vum Ukrainkrich

Den Trifolion zu Iechternach organiséiert zesumme mam Roude Kräiz, de Samschdeg, den 12 Mäerz een Benefizkonzert zugonschte vun de Betraffene vum Ukrainkrich.

Dobäi ass d’Entrée fräi, Spenden ginn zum Schluss vum Concert entgéint geholl. Dëse fänkt um 20 Auer un.

Kënschtler ewéi d’Cathy Krier, d’Elisabeth Schilling, de Sven Hoscheit, den Trio Adi-Alice Petre, d’Nadine Eder & Elise Gäbele suerge fir eng musikalesch Atmosphär.

Dernières nouvelles