Between SHADE and DARKNESS: Schicksal vun de Lëtzebuerger Judden vun 1940-1945

Online-Presentatioun a Gespréich zur Ausstellung am Kader vum Gedenkdag fir d'Affer vum Nationalsozialismus

D’Ausstellung „Between SHADE and DARKNESS“ vum Lëtzebuerger Musée National de la Résistance et des Droits Humains thematiséiert d’Verfolgung vun de Jüddinnen a Judden zu Lëtzebuerg tëscht 1940 an 1945.

D’Besetzung vum Groussherzogtum duerch NS-Däitschland huet d’Ausgrenzung vun der jüddescher Bevëlkerung verschäerft. Et huet schliisslech zu Deportatioune vun honnerte Mënschen an d’Ghettos, Konzentratiouns- a Vernichtungslager an Osteuropa gefouert.

D’Ausstellung erzielt individuell Geschichte vun der Verfollegten. Se wërft e Bléck op Mënschen an Organisatiounen zu Lëtzebuerg, déi Jüddinnen a Judden zur Flucht gehollef hunn. Se geet awer och op déi verantwortlech Täter an de schwieregen Ëmgang vu Lëtzebuerg mat der eegener Roll an der Shoah no 1945 an.

De 27. Januar 2022 um 17 Auer gëtt iwwert Zoom eng Online-Presentatioun an e Gespréich zur Ausstellung op däitscher Sprooch organiséiert. Klickt HEI fir deelzehuelen.

Am Kader vum Weltdag zum Gedenken un d’Affer vum Holocaust an de Verbriechen géint d’Mënschlechkeet organiséieren den MNRDH an d’Stad Esch-Uelzecht um Donneschdeg, de 27. Januar 2022 um 19 Auer eng Zeremonie op der Place de la Synagogue zu Esch-Uelzecht.

Duerch déi aktuell sanitär Lag ass d’Zeremonie net fir d’Ëffentlechkeet zougänglech. Se gëtt opgezeechent an den 28. Januar 2022 um YouTube-Kanal vum Musée eropgelueden.

Dernières nouvelles