Géint eng Impfflicht a mënscheveruechtend Mesuren (Oppene Bréif)

Dir Dammen, Dir Häre Politiker, ech wëll Iech matdeelen, dass ech net fir eng Impfflicht sinn, an ech mir erhoffen, dass sech Är Partei géint dës Optioun ausschwätzt.

Ech wëll gär selwer iwwer mäi Kierper entscheeden, a net mat allerhand Mesure gezwonge gi fir dass mir d’Entscheedung fir mech eng 3, 4 oder 5 Kéier impfen ze loosse « méi liicht soll falen ».

Ech sinn e gewéinleche mä kritesche Bierger (esouguer 2 Mol geimpft…), a kee „Radikalen“. Ech ginn op keng Demoe, rappe keng Ofspärgitteren of, a schéissen och net mat Fläschen an aner Saachen op Polizisten. Eigentlech hunn ech nach ni ëffentlech zu deem Thema Stellung geholl.

Ech wëll mol einfach mäi Protest ausdrécken, dass déi ganz Mesure menger Meenung no ze wäit ginn, a recht wéineg bruecht hunn, ausser, dass mir a ville Länner biergerkrichsänlech Zoustänn hunn. An dat ass definitiv net dat wat gebraucht gëtt.

Ech iwwerleeë mir an Zukunft guer net méi um gesellschaftlechen an soziale Liewen deel ze huelen, an net méi mam System mat ze spillen: Dat heescht, ech wäert wuel net méi wiele goen, ob „obligatoresch“ oder net. An ech wäert och keng sou genannten „obligatoresch“ Statec-Ëmfroe méi matmaachen.

Doriwwer eraus ginn ech schonn eng Zäit net méi an e Café an och net méi an e Restaurant. Well ech dat ganzt net méi weider ënnerstëtze wëll an och aus Grënn vu Solidaritéit. Dat ass da meng Astellung fir drop hinzeweisen, dass ech net mat deenen – aus menger Siicht – mënscheveruechtende Mesuren averstane sinn.

A sollt ech emol als Net-méi-Geimpftenen eng Strof kréien, da loossen ech et héchstwarscheinlech drop ukommen, bezuelen et net, a wa vill Leit dat maachen, da ginn eis Geriichter mat Fäll iwwerheeft. Mä dat soll da net mäi Problem sinn!

Merci fir Äert Versteesdemech,

John Theisen

(Verëffentlecht mat Accord vum Auteur)

Dernières nouvelles