Stad Lëtzebuerg: D’Brigange sinn ënnerwee

Wéi d’Police matdeelt, war, ofgesi vun de Manifestatiounen, vun e Samschdeg op e Sonndeg eng méi lass. Wärend an der Stad Lëtzebuerg zwee Mënschen iwwerfall goufen, hunn zwee weiderer hire Führerschäin dierfen ofginn.

Esou gouf géint 23 Auer en Automobilist an der Gilsdrëffer Strooss zu Dikrech vun de Beamten ugehalen an duerft direkt en Alkoholtest maachen. Dësen huet de maximal erlaabte Wäert däitlech iwwerschratt, wouduerch him de Permis entzu gouf. Am selwechte Fall war och géint 6 Auer Moies en Automobilist an der Stater Avenue de la Gare.

Ma, um Samschdeg Owend goufen zwou Persoune vun 3 komesche Gestalten ugeschwat. Engem vun hinne war d’Situatioun net geheier an en huet sech séier aus dem Stëbs gemaach. Säi Gefill sollt ëm Recht ginn: D’Begleedung gouf vun de Brigange festgehalen a beklaut. Boergeld sou wéi den Handy goufen ëm ofgeknäppt.

Just e puer Stonnen drop huet sech eng Persoun bei der Police presentéiert an uginn op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté an der Stroossbuerger Strooss d’Jackett an de Portmonnie vun engem Onbekannte geklaut kritt ze hunn. D’Police ermëttelt a béide Fäll, bis ewell awer ouni Erfolleg. Ob et sech ëm déi selwecht Brigangen handelt, ass net gewosst.

Um Samschdeg goung et turbulent virun

Wéi d’Police matdeelt, ass gëschter um fréien Owend e Gefier op der A13 an eng Baustell gerannt, nodeems et virdrun a Schlaangelinne gefuer ass. Ma, den Automobilist war wéineg beandrockt dovun, ass weider gefuer an eréischt op der Opfaar zur A4 stoe bliwwen. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Führerschäi war op der Plaz fort an eng Plainte gouf gemaach.

Och zu Diddeleng an der Route de Kayl ass géint Mëtternuecht e Permis agezu ginn, well de Chauffeur ze déif an d’Glas gekuckt huet an duerch säi wackelege Fuerstil opgefall ass. Scho kuerz drop gouf an de Beamten e Fall gemellt, wou een Automobilist bal en Accident an der Avenue de la Liberté verursaacht hätt, virun an d’Rue Schiller gefuer ass fir do an d’Ofspärung vun enger Baustell ze rennen. Jo, och hei war Alkohol am Spill an esou kann dës Persoun an Zukunft den ëffentlechen Transport notzen.

Domat ass et awer nach ëmmer net gedoen. Moies um 5 Auer gouf e Gefier op der A6 a Richtung Lëtzebuerg gestoppt, well de Chauffeur d’Spuer net hale konnt, duerch säin héijen Alkoholspiggel. Dës Persoun krut e Fuerverbuert an eng Plainte.

Dernières nouvelles