Caritas: Een Erfarungsbericht

D’Bettina Riha-Fink vun der Caritas huet dëse Post op Facebook geschriwwen. Op meng frëndlech Nofro hin, konnt ech en iwwersetzen. E geet un d’Häerz.

Haut am Nomëtten mat enger Caritas Kolleegin an der West-Ukrain telefonéiert, déi erzielt huet, datt si hirer Ekipp gëschter fréi sot, datt vun elo un kee méi op d’Aarbecht komme muss. Et wär jo elo Krich. Trotzdeem si gëschter an och haut alleguerte schaffe komm.

« Mir këmmeren eis ëm krank Leit doheem, mir kënnen net einfach goen. Mir këmmeren eis ëm al Leit, déi net méi aus dem Bett kommen, bréngen hinnen ze iessen. Mir wäsche si. Wa mir net kommen, kënnt keen.

Haut de Mueren si Bommen gefall, Wunnhaiser goufen zerstéiert. De Papp vun enger Kolleegin ass gestuerwen. Mir hunn den Dag am Loftschutzbunker verbruecht, an ëmmer wann et eis méiglech war, ware mir bei de Mënschen, fir déi mir och soss ëmmer do sinn. Mir hunn et och haut gepackt, all eenzelen ze versuergen. »

Um Enn vun dësem Gespréich hu mir gekrasch. Mir sinn de ganzen Dag mat Kolleeg*innen an der Ukrain a Kontakt, bereede vir, organiséieren. An awer ginn et Momenter, wou d’Trauer an d’Roserei ze grouss fir eis ginn. Heiansdo geet nëmme kräischen.

Ech wëll nach kuerz eppes erzielen: De ganzen Dag schaffe mir Hëllefsofferen of, déi iwwer Facebook an Instagram erakommen. Mënschen, déi sech mellen an hier Hëllef ubidden. Mënschen, déi Geld spende wëllen. Mënschen, déi Spendenaktioune starten. Dat ass beréierend a léif. Et ass heelend, et mécht glécklech. Ech sëtzen iwwert dem Insta-Account an denken – Wansinn, hien hëlleft och, an hatt, kuck emol.

A well dat esou glécklech mécht, deelen ech kuerz mat iech, wien do alles hëlleft:

Een Zauberer
DariaDaria(vill!)
Een 8 järege Jong.
Ee Pneuenhändler.
E puer Yoga Studioen.
Ee Restaurant am 22. Bezirk.
Conchita Wurst.
Eng Fotografin.
2 Kächinnen.
Een vegane Restaurant.
Een Helene Fischer Fanclub.
Eng homosexuell Häkelronn.
De Musée vu Wien.
SOS Balkanroute.
Nunu Kaller.
Een Online-Magasinn fir Léift, Libeskommer,Fummelen, Feminismus a méi.
Ee Bodypositive Dancer.
Eng Reklammsagence.
Eng Kaffeeverkeeferin.
Een Haus vum Fridden.
Eng Komikerin.
Eng Pärele Bastelronn.
Eng frësch bestuete Koppel.
Eng Band.
Een Engel (weiblech) a vill vill méi.

Ech hu menger Caritas Kolleegin um Schluss vum Gespréich dovunner erzielt, datt et hei vill ginn, déi sech këmmeren, datt Hëllef an d’Ukrain ukënnt. Datt mir vu fréi bis spéit dofir schaffen. Dës Verbonnenheet, äntwert si, wär déi schéinsten Hëllef an dëser Situatioun. Dunn hu mir eis versprach, datt mir eis erëm gesinn an agehaangen.

Dernières nouvelles