CovidCheck op der Aarbecht: D’CGFP gewënnt grouss Zougeständnesser vun der Regierung

Wochelaang huet d’Regierung d’Corona-Bestëmmungen op der Aarbechtsplaz am Elenggang duerchgesat, ouni dobäi d’Sozialpartner am Virfeld konkret mat anzebezéien. De massive gewerkschaftlechen Drock vun de vergaangene Wochen huet sech tëschenzäitlech ausbezuelt: Bei der Ausschaffung vum neie Covid-Gesetz war d’Dräierkoalitioun vun Ufank un dorëm beméit am Dialog mat de Sozialpartner eng Kompromëssléisung ze fannen.

Am Hibléck op déi obligatoresch Aféierung vum CovidCheck op der Aarbechtsplaz hunn déi dräi national representativ Gewerkschaften CGFP, LCGB an OGBL sou wéi d’UEL eng Eenegung mat der Regierung fonnt.

Bei de Bestëmmunge vum 3G-Konzept, dat Mëtt Januar an der Beruffswelt a Kraaft triede wäert, setzt d’CGFP dank senger hartnäckeger Verhandlungsstrategie direkt e puer vun hire Kärfuerderungen am Staatsdéngscht duerch.

Ëffentlech Bedéngschteter, déi kee gültege CovidCheck virweise kënnen, mussen an Zukunft keen Disziplinarprozeduren méi befierchten. Déi Betraffe kënnen zudeem weder direkt nach iwwert Ëmweeër entlooss ginn.

Och bei den Tester gouf e Kompromëss erzilt. Déi wéineg Staatsbedéngschteter, déi en éischte Vaccin kritt hunn, kréien ab dem 15. Januar 2022 d’Méiglechkeet an extra dofir ageriichten Testzentren gratis zertifiéiert Schnelltester duerchféieren ze loossen an dat bis zur kompletter Impfung.

Staatsbedéngschteter, deenen den Zougang zur Aarbechtsplaz duerch de CovidCheck verweigert gëtt, këmme mat der Zoustëmmung vun hirem Verwaltungschef déi gesetzlech virgeschriwwe Congésdeeg an Usproch huelen. Gëtt hinnen dës Optioun net accordéiert, béisse si en Deel vun hirer Vergütung an.

Dat selwecht gëllt fir all Employéeën, déi net vun dëser Méiglechkeet Gebrauch maache wëllen. An dëse Fäll entspriechen déi finanziell Aboussen den net geleeschten Aarbechtsstonnen. Déi Staatsbedéngschteter, déi net iwwert den normale Congé verfügen, kënnen hir Absence op der Aarbecht mat Hëllef vun engem Zäitspuerkonto ausgläichen. De „Compte d’épargne-temps“ (CET) kann zu dësem Zweck en negative Saldo opweisen, deen uschléissend nees schrëttweis duerch Iwwerstonnen ofgebaut gëtt.

Op Dränge vun der CGFP erkläert sech d’Regierung dozou bereet, eng Sonnerreegelung fir Persounen, déi duerch medezinesch Kontraindikatioun net geimpft kënne ginn, anzeféieren. Dës Ausnamereegelung schützt vulnerabel Persoune virdrun, vum berufflechen a gesellschaftleche Liewen ausgeschloss ze ginn.

E weidert wichtegt CGFP-Uleies huet dora bestanen dofir ze suergen, datt Staatsbedéngschteter, deenen den Zougang zu hirer Aarbechtsplaz duerch d’Corona-Kris iwwert e längeren Zäitraum verweigert gëtt, net duerch dat soziaalt Netz falen. D’Sozialleeschtunge bleiwe soumat garantéiert.

Dës weidere begréisst d’CGFP, datt am Staatsdéngscht an Zukunft véier, amplaz dräi Deeg Teletravail pro Woch méiglech sinn. Si fuerdert awer gläichzäiteg, datt d’Regierung och an dësem Punkt Verantwortung iwwerhëlt an eng eenheetlech sou wéi verbindlech Reegelung ëmsetzt. An deene Beräicher, an deenen den Homeoffice ëmsetzbar ass, sollt dës Aarbechtsweis zum Gesondheetsschutz vun de Beschäftegten maximal genotzt ginn.

Déi zuelräich ausgehandelt Kompromësser verdäitlechen, datt a konstruktive Gespréicher vernënfteg a fir all Verhandlungspartner drobar Léisungen erzilt kënne ginn.

D’Regierung wier gutt beroden, och an anere Beräicher net méi vum nei ageschloene Wee vum Sozialdialog ofzewäichen. De jéngsten Accord tëscht der Dräierkoalitioun an de Sozialpartner huet jidderengem gewisen, datt de „Lëtzebuerger Modell“ nach laang net ausgedéngt huet. Ob d’Dräierkoalitioun dat dauerhaft eescht mengt, wäert sech scho geschwënn bei der kommender nationaler Tripartite weisen.

Matgedeelt vun der CGFP

Dernières nouvelles