Last Christmas – een Ouerwuerm hält sech zanter 37 Joer

D’Chrëschtdagslidd « Last Christmas » vu Wham! gehéiert zu de weltwäite Klassiker. Am Dezember spillen d’Radiostatiounen d’Lidd ronderëm wéinstens all Stonn ee Mol.

Kee Lidd suergt fir méi gedeelte Meenungen. Déi eng sange gär mat, anerer reagéiere liicht allergesch op dem George Michael an Andrew Ridgeley hiert Wierk, dat viru 37 Joer bei Epic Records verëffentlecht gouf. D’Jonge vu Wham! hu warscheinlech net un de grousse Succès vum mëttlerweil berüümten Ouerwuerm gegleeft.

A well de George Michael de Refrain 6 mol séngt, ass et tatsächlech bal onméiglech en erëm aus dem Kapp ze kréien. Et bleiwen eigentlech just zwou Léisungen: entweder d’Lidd duerch een aneren Ouerwuerm ersetzen oder einfach kapituléieren a sech anengems de Museksvideo unzekucken.

Am Joer 2018 huet d’Lidd sech fir déi 130. Kéier op d’Spëtzt vun den däitschen Charts plazéiert. D’Single huet 20 Platin- Auszeechnungen erhalen an ass ongeféier 40 mol gecovert ginn.

Eng verflosse Léift

D’Lidd mat enger déiwer Trauregkeet ze verbannen, war eng genial Iddi vum George Michael. Eigentlech geet et jo ëm eng Bezéiung, déi onglécklecherweis op een Enn gaangen ass, an datt de Protagonist an dësem Joer säin Häerz un eng speziell persoun verschdenke wëll. Mat dëser Nostalgie, kënne sech vill Mënschen identifizéieren. Zemools wann se d’Feierdeeg eleng sinn.

D’Dramatik an d’Melancholie vun dësem Lidd ass d’Tatsaach, datt den George Michael um éischte Chrëschtdag 2016 am Alter vun 53 Joer verstuerwen ass. Elo ass hien op éiweg mat sengem Lidd verbonnen an nach méi Deel vu Chrëschtdag.

Zanter 2016 existéiert op Facebook eng humoristesch Säit mam Numm Whamageddon. Dobäi ass d’Challenge wierklech schwéier – et geet drëms d’Lidd bis de 24. Dezember net ze lauschteren. An et kann dech iwwerall iwwerraschen – wa mir éierlech sinn, gëtt et keen Entkommen. Déijéineg déi et tatsächlech fäerdeg bruecht hunn, däerfen sech dann ab dem 24. Dezember als « Survivor » bezeechnen. Dat kléngt no enger Erausfuerderung.

Dernières nouvelles