De Konsumenteschutz fuerdert ee CO²-Moratoire

Scho Mëtt Oktober hat de Konsumenteschutz (ULC) sech fir eng Deckelung vun de Präisser fir Stroum, Gas a Pëtrolsproduite staark gemaach, an wéi jo dierf festgestallt ginn, d‘Vertrieder vun Industrie a Wirtschaft – also eis Regierung – hunn do eng aner Opfaassung. Déi ass allerdéngs manner den ambitiéise Klimaziler geschëlt, wéi engem Manktem un Anticipatioun.

Woubäi et natierlech méiglech ass, datt änlech wéi beim Ëmgang mat der Covid19-Pandemie, een nees vun allem iwwerrascht gouf, a sech folgerichteg weder konnt drop virbereeden, nach de Bierger iwwert déi sech verännerend Situatioun a Kenntnis setzen. Laut eisen Informatiounen, wousst déi zoustänneg Ministère schonn am Summer Bescheed. Firwat se näischt soten?

Ass jo och egal, d‘Kand läit am Buer, an déi mat den décke Paie mussen sech jo allgemeng éischter manner Suerge maachen, wéi Menage mat mëttlerem oder klengem Akommes. Et ass jo soss och schwéier ze erklären, wéi et ka méiglech sinn, datt 1% vun der Weltbevëlkerung fir 50% vun de klimaschiedlechen Emissioune verantwortlech ass. Déi 99% bezuelen dat jo schonn ëmmer mat.

Elo awer, bei enger Hausse un der Pompel, déi europawäit bei 31% geleeën ass, an dat mat enger däitlecher Tendenz zu weidere Präiserhéijungen, fänkt et u komplizéiert. De Konsumenteschutz notéiert datt den Index fir Verbraucherpräisser elo scho bei +3,62% geleeën ass. Dat ass déi gréissten zanter 2011 erlieften Hausse. Déi war mat der wirtschaftlecher Reprise awer ofzegesinn.

A Verbindung mat alle soss bestoende Krisen (fir d‘Leit: de Logement a Covid19; fir d‘Betriber: Penurie vu Réistoffer, kee Personal, asw) kënnegt sech weidert Ongemaach un. Fir d‘ULC schéngt et evident ze sinn, datt ouni „aner“ politesch Léisungen, d‘Regierung gutt berode wier ee Moratoire vir d‘CO²-Steier um Bensinn an Diesel anzesetzen. Dat heescht, dës Steier soll agefruer ginn.

Dat awer wäert net am Sënn vun enger Regierung sinn, déi ganz bewosst d‘CO2-Steier am Index fir Verbraucherpräisser zur Upassung vun de Gehälter a Renten un d‘Inflatioun, neutraliséiert. Et dierf och drop higewise ginn datt besonnesch d‘Frontalieren op hiren Auto ugewise sinn. An dësem Sënn wier wuel net verkéiert, nach emol de Volet „Télétravail“ op de Leescht ze huelen…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Annex: Schreiwes vum Konsumenteschutz (ULC)

Dernières nouvelles