Concours Jonk Solisten: De 14. November am Stater Conservatoire

E Sonndeg, de 14. November trieden 137 jonk musikalesch Talenter aus 23 verschidde Länner beim Concours Jonk Solisten am Stater Conservatoire un. Si beweisen, wéi wichteg hinnen dat kulturellt Liewen an nei Erfarungen, awer och de kompetitive Geescht sinn.

Fir déi 37. Editioun vun dësem Concours sinn zuelräich Aschreiwungen erakomm. Am Endeffekt huet d‘Evenement awer duerch eis all bekannte Grënn misse verréckelt ginn. Ënnert de jonke Participanten wäerte sech 132 Solisten an 2 Gruppe fir den nationale Volet a 26 Solisten fir den europäesche Volet (Sträicher) sech beweisen.

Ma, interesséiert Persounen kënne sech d‘Epreuve gären ukucken an ulauschtere kommen. Dës fanne vun 9 bis 17 Auer statt, genee Detailer ginn et op www.ugda.lu. Um 17:30 Auer wäert et am Auditoire en Ofschlossconcert ginn. Uschléissend ginn um 18:45 Auer d‘Resultater matgedeelt. D‘Entrée ass gratis, mee d‘Reservatioun ass obligatoresch.

De Concours Jonk Solisten steet ënnert der héijer Schiermherrschaft vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, der Stad Lëtzebuerg, der Europäescher Unioun vun de Museksconcourse fir Jonker (EMCY), a gëtt mat Ënnerstëtzung vun der SACEM an an Zesummenaarbecht mam Stater Conservatoire organiséiert.

Dernières nouvelles