Covid19-Protest: De politesche Feedback zur Demo

Wat sech ee Samschdeg an der Stad, bezunn op de Kontext vun der dualer Manifestatioun – et hat jo een neie Rassemblement um Glacis, an den traditionellen op der Kinnekswiss – ofgespillt huet, sollt kengem entgaange sinn. An och um Sonndeg huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet, nieft dem Bilan, seng éischt Conclusiounen zu den Exactioune gezunn.

Fir déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) – si ass zanter 1982 politesch aktiv – ass esou ee Beholl net novollzéibar. Et ass sécherlech richteg, datt si an hirer ganzer Zäit esou eppes nach net erlieft huet, wann een emol vun de belsche Stolaarbechter ofgesäit, déi hir Kuuscht mat Hänn a Féiss verdeedegt haten. Mee dat ass wuel en anere Kontext a war jo och vum Ausland ausgaangen.

A wann d‘Lydie Polfer géintiwwer Kolleege bemierkt, datt dat alles net no Lëtzebuerg ausgesäit, esou ass dat net fundamental falsch. Fir et emol esou ze soen: et hat net wierklech iwwerméisseg vill der „Opfälleger“ déi bei eis walberechtegt sinn. D‘Agitateure sinn zudeem erwisenermoossen net mat derbäi, well si de Leit hir „Konditioun“ verbessere wéilten. Déi hu ganz aner Absichten.

Covid19-Protest
© L.Hoff / moien.lu

Déi kathoulesch ausgeriichten Oppositiounspartei CSV, huet sech dann och net mat den Erklärunge vum Henri Kox um Sonndeg zefridde ginn, a fuerdert en Debat an der Chamber. Hei soll sech de Minister, nodeems hien sech schonn um Sonndeg de Froe vun der Press gestallt huet, nach emol änlech gelagerte Froe säitens den Deputéierte beäntwerten. Et gëtt déi voll Opklärung gefuerdert.

Legal, illegal… awer net Schäissegal

De Mister „Justice“ bannent der CSV, den honorabelen Deputéierten a a Stater Schäffen, Laurent Mosar, verweist op de Fait datt, dës Demonstratioun net autoriséiert war, an hat sech wuel erwaart, datt d‘Police, dës „wëll Maniff“ – an där och géint sämtlech Covid19-Reegele verstouss gouf – géif zäiteg opléisen. Seng Interventioun beim Debat wäert schonn eng gewësse Schlësselroll spillen.

Covid19-Protest

Mee net nëmmen an der CSV wëll een den Debat, och d‘ADR huet eng Aktualitéitsstonn ugefrot. SI wéilte beispillsweis wëssen, op d‘Police iwwerhaapt genuch Leit huet, fir sech esou Situatiounen ze stellen. Bannent der ADR ass een allerdéngs och beonrouegt, iwwert de Vandalismus vun nationale Monumenter an den Aktioune virun de Residence vun de Minister. Dat wier net ze toleréieren…

Bei den déi lénk begréisst een déi gutt Aarbecht vun der Police, déi deseskaléierend agéiert huet. Si notéieren datt et am Cortège och Provokateuren aus dem Ausland hat, déi der rietsextremer Zeen géifen ugehéieren. D‘Pirate condamnéieren d‘Manéieren an d‘Form vum Protest, an äusseren och Bedenke wat déi friemlännesch Elementer bannent dësem ondefinéierbare Mouvement betrëfft.

Covid19-Protest

De President vu der Gesondheetskommissioun a Rapporter vun alle Covid19-Gesetzer, Mars di Bartolomeo (LSAP) huet nach um spéide Samschdegowend, op ee Facebook-Post reagéiert, an hoffentlech ergräift hie beim Debat och d‘Wuert. Déi gréng üben sech den Ament an Zréckhalung an d‘DP schéngt sech intern op eng gemeinsam Linn anzeschéissen. Mee geet en Debat hei duer?

De „Kollektiv“ vum Stëlle Wäisse Marsch (MBS) huet sech mëttels Communiqué vun der Gewalt déi ausgeüübt gouf distanzéiert. Gewalt hätt een ni toleréiert heescht et do, an weider ass ze liesen: „Nëmme wa mir friddlech, solidaresch an zuelräich sinn, kënne mir d‘Tyrannei an de McCarthysmus am Gesondheetswiesen iwwerwannen“. Gutt datt keen ee blatzege Schimmer huet, wat de McCarthysmus ass, mee mir hätten do e Link, fir déi wou sech fir Geschicht intresséieren.

Dernières nouvelles