Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 3. bis den 9. Januar 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 10.680 Persoune (+89%) mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit d’Inzidenz vun den net geimpfte Persoune bei1.990,26 pro 100.000 Awunner an 1.544,11 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten.

Et goufen36.198 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 23.014 Tester. Dobäi kommen 1.510 Schnelltester si positiv ausgefall.

Vun de 47 Persounen am Spidol sinn der 27 net geimpft. Op der Intensivstatioun leie ganzer 20 Patienten, wouvunner der 13 net geimpft sinn. Den Alter vun den hospitaliséierte Persoune läit am Duerchschnëtt bei 57 Joer.

Den 9. Januar goufen 16.343 aktiv Infektioune gemellt. Am Ganzen ziele mir 98.767 geheelte Persounen. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 31,3 Joer.

12 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus si bäikomm. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 77 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 48, am Géigesaz zu 1,48 fir d’Woch virdrun. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester ass op e Wäert vun 29,50% geklommen

D’Inzidenz läit bei 1.682 Fäll op 100.000 Awunner op 7 Deeg gezielt. Et waren 14.511 Persounen an Isolatioun (+79%) an 3.605 hu sech a Quarantän befonnt (+42%).

De Familljekrees bleift mat 28,6% déi gréisste Geforequell sech unzestiechen. Duerno kommen Auslandsreesen (11,8%) a Fräizäitaktivitéiten (4,9%).

An der Woch vum 3. bis den 9. Januar gouf am Ganzen42.005 Dosen administréiert. 3.924 Persounen kruten hir éischt Dosis, 4.755 Persounen déi Zweet. De Booster hunn 33.326 Persounen erhalen. Esou weisen fir déi lescht Woch 450.399 Persounen e kompletten Impfschema op (81,4% vun der Bevëlkerung ab 12 Joer).

Et sief nach emol drun erënnert, datt d’Isolatiounszäit fir geimpft a geboostert Persounen verkierzt ginn ass. Impfzertifikate sinn duerch d’Decisioun vun der EU-Kommissioun 270 Deeg (9 Méint) gülteg, ab deem Datum wou den Impfschema komplett gemaach ginn ass.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Dernières nouvelles