Covid19-Tripartite verhënnert Impfflicht

Kee soll gezwongen oder dierfen entlooss ginn, mee wann net geschafft gëtt, kritt ee keng Pai

Vum Prinzip hir, ass et sécher richteg, datt wien näischt schafft, och keng Pai sollt erhalen. Dat hei d‘Politiker ausgeholl sinn an zuweilen och ouni Leeschtung „Zouwennungen“ erhalen, huet keen Afloss op eben dëse Prinzip. Jiddefalls ass ee sech gëschter bannent der Tripartite eens ginn, datt eng Impfflicht net duerchzesetzen ass, den Zwang duerch Uwenne vu „Methoden“ dofir schonn.

Richteg ass a bleift, datt eng Impfung de beschte Schutz virun enger schlëmmer Erkrankung bleift. Richteg ass och, datt d‘Regierung sech nach drop behaapt de Mënschen d‘Wiel ze loossen an hire Choix géif respektéieren. Et lieft een an enger Demokratie, an esou brauch een de Leit och näischt opzezwéngen. D‘Mënsche vertrauen der Politik an der Wëssenschaft, an treffe gutt Decisiounen.

Esou sollt déi gëschter am Schlass zu Sënnegen ofgeschlosse Covid19-Verhandlung dann och keng gréisser Diskussioune bannent der Bevëlkerung mat sech bréngen. Ab dem 15. Januar kann een dann, wann ee sech weigert säin Zertifikat – op een elo geimpft, geheelt oder zertifiéiert getest ginn ass – wéi ee Badge beim Zoutrëtt zur Aarbechtsplaz virzeweisen, nees heem geschéckt ginn.

Dat wichtegst ass, de Choix vun de Leit ze respektéieren

Et ass ee gerechte System, dee kee Salarié zur Impfung zwéngt, nach iwwerriede soll. Et ass jo och de Geimpften erlaabt, sech ze weigeren de Zertifikat virzeweisen a sech den Zoutrëtt zur Schaff da verbidden ze loossen. Datt net beschloss gouf, datt een och esou een Zertifikat sollt mussen hunn, wann een am Télétravail ass – dee vun der Regierung „recommandéiert“ gëtt – voll onverständlech.

Fir dann elo awer kee Chaos opkommen ze loossen, a well et de Gewerkschafte gelongen ass, hei bei de Verhandlungen eng Rei Fuerderungen a Propositiounen duerchzesetzen, soll keen dierfen entlooss ginn. Dofir muss awer och keen, dee vum Patron heemgeschéckt gëtt bezuelt ginn, ausser et hätt een nach esouvill Congé, datt ee seng „Absence“ iwwert dëse Wee kéint ausgläichen.

Gutt dat ass voll Quatsch, esouwuel d‘Garantie net entlooss ze ginn, wéi d‘Uwennung vum Congé. Mee et héiert sech no Kompromëss un, och wann et de facto keen ass. Natierlech gëtt et keng aner Optiounen. De CovidCheck op der Schaff kennt ouni politesch Alternativen dohier, wëll ee sech net wëll eng Impfflicht an de politesche Liewenslaf wëll aschreiwe loossen. Zwénge géi net goen…

Esoulaang ee mécht wat si virginn huet een de Choix

Fir den (nach) Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) ass et evident, datt d‘Regierung hei huet missen eng ënnerhuelen. D‘Zuele géife fir sech schwätzen. Als Regierung kéint ee sech zudeem net der Gefor aussetzen, herno virgeworf ze kréien, eng Gesellschaft a Gefor net bäigestanen ze sinn. Datt geimpfte Mënschen sech géigesäiteg an drëtter ustieche kënnen, ass jo vollkommen egal.

De digitale Minister an ex-Journalist Marc Hansen (DP) behaapt dann och, datt ee sech bannent der Tripartite däraarteg gutt verstännegt hätt, datt et gelonge wier, esou déi gefaarte Spléckung vun der Gesellschaft ze verhënneren. Mat dëse Mesuren, esou den ex-Journalist deen esouguer d‘Senioren „digitaliséiere“ wëll, hätt een déi sozial Kohesioun am Land gefestegt an kee wier benodeelegt.

Hansen a Kersch leeën dann nach immens grousse Wäert drop ze ënnersträichen, datt een duerch d‘Aféierung vun dëse wuel eppes restriktive Mesuren, all de Mënschen, déi dat mam „Choix“ nach ëmmer sollte verstanen hunn, hei ee „Sursis“ accordéiert gëtt, deen hinnen eigentlech, opgrond vun hirer asozialer Astellung net géif zoustoen. Déi lescht Chance virun Aféierung vun der Impfflicht?

Een eppes monochromatescht Faarwespill

Domadder ass et dann elo awer endlech ausgeschwat ginn. Si schéngen ze wëssen dat et net ouni Impfflicht wäert goen, wëllen awer aus onerklärleche Grënn oder puerem politesche Sadismus, de Leit bis dohinner d‘Liewen ouni Pfizer a Moderna onméiglech maachen. Et soll esouguer derzou bäidroen, datt de Confinement net méi muss agefouert ginn. Deen awer wäert onëmgänglech sinn.

Bei de Gewerkschaften ass een elo net erfreet iwwert de Fait, datt déi Ongeimpft sollen hir „Tester“ selwer bezuelen. Eppes wat jo direkt déi kleng Salairen an all déi trëfft, déi net kënne vun doheem aus schaffen. Mee wann ee selwer d‘Impfcampagne ënnerstëtzt an zur Impfung réit – wat duerchaus unhand dem erwisene Schutz vun de Vaccine berechtegt ass – ass et wuel ee probate Kompromëss.

Et gëtt allerdéngs opgeworf, datt déi Geimpften/Geheelten och sollten Tester zur Verfügung gestallt kréien. Et wier eng zousätzlech Sécherheet. Mee dat ass net noutwenneg, well als geimpften ass ee jo geschützt, a folglech ass et irrelevant ob ee ka „Porteur“ sinn. Eenzeg de Statut ass relevant fir dierfe sengem Beruff nozekommen. Ob et elo d‘vertrauen an d‘Politik verbessert? Bestëmmt…

40.000 Ongeimpfter huet de Statec a senge Lëschten

Laut enger „Schätzung“ si 15% vun der aktiver Bevëlkerung net geimpft. Entspriechend den Zuele vum statistesche Service vun der Regierung (STATEC) wunnen zu Lëtzebuerg 246.355 Mënschen déi engem Beruff noginn. Ronn 40.000 vun hinne sinn net geimpft. Laut de Patronatsverbänn eng minim Zuel vu Mënschen déi sech nach net mat de Recommandatiounen a Aklang bruecht hunn.

Den digitale Journalist mat politeschem Mandat notéiert hei, datt wann déi 40.000 Mënschen, déi de falsche Choix getraff hunn, sech elo endlech zesummerappen a bannent den nächsten Deeg – also bis zum 15 Dezember déi éischt Impfung siche waren – en Impfzenter opsichen, si bis de 15. Januar d‘Konditiounen erfëlle weider hir Wirtschaftsleeschtung ouni finanziell Aboussen ze erbréngen.

Zu de Reegelen (fir déi Ongeimpft):

  • Den zertifiéierten Test muss de Salarié aus eegener Täsch bezuelen, an dëse „muss“ baussent de Schaffstonne realiséiert ginn. Eng Ausnam soll et fir all déi ginn, wou sech nom 15. Januar dann awer géifen eng éischte Kéier impfe loossen. D‘Regierung huet sech engagéiert dësen zertifiéiert Schnell-Tester gratis zur Verfügung ze stellen. D‘Arméi iwwerwaacht dës Prozedur;
  • Wien sech weigert un der CovidCheck deelzehuelen (dat gëllt och déi geimpft) huet dann 2 Méiglechkeeten: entweder hir verzicht op seng Pai, oder hëlt Congé. Dëse muss de Patron allerdéngs net accordéieren. Et soll een awer weder dierfen entlooss ginn, nach seng Affiliatioun bei der CNS (Krankekeess) entzu kréien. Am ëffentleche soll den Employé seng „Absence“ iwwert den Zäitspuerkont kënnen ausgläichen, och wann dësen ee negative Saldo opweise géif;
  • D‘Patronen dierfen elo Lëschten uleeën, an deenen de Impfstatut vun de Salariéeën (mam Numm, Matricule a Gültegkeetszäitraum vum Zertifikat) registréiert gëtt. Offiziell heescht et, datt et dofir d‘Zoustëmmung vum Salarié brauch. En Argument, dat fir dës Lëschte géif schwätzen: mat dëse Lëschte kéint een d‘Kontroll fir den Accès zur Aarbechtsplaz eppes méi liicht gestalten. Et brauch ee säi QR-Code net all musse kontrolléiere loossen…

Kléngt ëmständlech an hätt een, wann een da senge politesche Responsabilitéite géif Rechnung droen, mat engem Amendement an/oder enger Reform vum Pandemie-Gesetz, längst reegele kënnen. Och déi juristesch méiglech Impfflicht, hätt engem hei vill Opwand an Ierger erspuert.

Et huet eppes Rauschen am virtuelle Raum

Zu Lëtzebuerg ass den Impftaux vun eppes kléngs iwwer 80% op elo knapp 77% gefall, wat sech méiglecherweis dorobber bezitt, datt d‘Leit och de Choix kruten, sech Boosten ze loossen, an nach kee Gebrauch vun dësem Choix gemaach hunn. Wann et awer noutwenneg ass, sech solidaresch ze erklären, a folgerichteg d‘Impfung unzehuelen, fir de Gesondheetssystem ze entlaaschten, da muss ee sech zesummerappen a seng Ängschten/Bedenken op der Säit loossen. De Vaccin ass jo sécher.

Dat gesinn d‘Géigner eppes differenzéiert, firwat et u Kritik an de sozialen Netzwierker net feelt. Déi argumentéiere beispillsweis, datt et ëmmer méi geimpfte Leit an de Spideeler hätt. Eng vun der Santé als „falscht Argument“ zeréckgewisen Ausso. Et wier, esou d‘Santé ganz normal, datt et bal esouvill geimpfte Patienten am Spidol hätt, wéi Ongeimpfter, well den Undeel u Leit mat ganzem Impfschema jo vill méi héich ass, wéi d‘Zuel vun den Ongeimpften. An da gëtt nach preziséiert:

„Fir net enger falscher Analys vun dëser Situatioun ze follegen, ass et wichteg sech net op déi absolutt Zuelen ze bezéien, wëll et alles eng Fro vun der Proportionalitéit an dem Profil vun der Bevëlkerung“. Et ass zudeem all Mënsch bekannt – a weder d‘Wëssenschaft, nach d‘Politik hunn de Géigendeel behaapt – dat de Vaccin net zu 100% wierkt. De Wierkungsgrad läit tëscht 60 a 95% an hëlt bannent enge sechs Méint of, firwat jo de Boost elo och zur Noutwennegkeet avancéiert ass.

D‘Impfung huet faktesch eenzeg den Notzen, eng Infizéiert Persoun virun engem schwéiere Krankheetsverlaf ze schützen, firwat et jo och net Zilféierend wier, wann ee weider all Mënsch reegelméisseg géif testen. Et ass leider wouer, datt och op den Intensivstatiounen, d‘Zuel vun de Persoune mat engem kompletten Imfschema klëmmt. Dat kann de Varianten an/oder der eppes grousser Kontaktfreedegkeet geschëlt sinn. Natierlech spillen och d‘Pathologien hei eng Roll…

Dernières nouvelles