Vun Hallwerweisen an Déiwen

Wann et net den Alkohol am Verkéier ass, dann huet eis Police et mat Rabbelkäpp a Brigangen ze sinn

D‘Welt verännert sech an esou muncher een dierft se net méi verstoen. Esou am Fall vun engem Ugrëff op ee Buschauffer. Am Neiduerf (Stad Lëtzebuerg) haten sech dräi scheinbar alkoholiséiert jonk Rabbelkäpp, wärend hirer Faart mat Bus, zolidd de Batti gestallt. Et war allerdéngs eréischt 21.15 um Freideg an de Chauffer vum Bus huet wuel aus gudde Grënn missen agräifen…

Dësen huet dann, nodeems es dees Gudden ze vill war, déi Turbulent „Hären“ an der André Vesale Strooss gebueden de Bus ze verloossen. Déi sinn dëser Opfuerderung dann och nokomm, hunn de Gest awer net verstanen. Nodeems de Bus un de nobäi geleeëner Endstatioun d‘Kéier gemaach hat, hunn d‘Toperten sech dem Buschauffer an de Wee gestallt, an dësen un der Weiderfaart gehënnert.

Ee vun de Bouwen huet dat genotzt fir der Fënster vum Chauffer no genuch ze kommen, an huet de Buschauffer mat Pefferspray besprutzt. Méi Courage war net ze erwaarden an d‘Rabbelkäpp hunn sech séier duerch d‘Bascht gemaach. De Chauffer konnt Alarm a ginn an Hëllef war zäitno op der Plaz, an d‘Agente vum CGDIS hu sech ëm de Mann gekëmmert. Hien huet missen an d‘Spidol…

Well soss keng Persoun méi op der Plaz war, wéi och d‘Police ukomm ass, kéint d‘Police eppes Hëllef säitens de Bevëlkerung gebrauchen. Fir den Ament ass just gewosst, datt et sech bei dësen „Helden“ ëm dräi jonk Männer vun nordafrikanescher Hierkonft handelt. Wien zur genannter Zäit eppes sollt gesinn hunn soll sech w.e.g. bei der Police ënnert dem 244 4010 000 ze erkenne ginn.

Alles mathuele wat net ugestréckt ass

An nach eemol e Freideg: An der Stad war enger Damm opgefall, datt et kuerz no 22 Auer, zu Aktivitéiten op eng Chantier komm ass. Hei huet sech verdächteg Persoun opgehalen, firwat si d‘Police geruff huet. Wéi dës op der Plaz ukomm ass, hat sech de vermuttleche Brigang längst duerch d‘Bascht gemaach. Wéi d‘Beamten sech op der Plaz ëmgekuckt hunn, sollten si feststellen, datt den Appell vun der Zeien net vu Muttwëll war.

Esou war d‘Schlass um Container, an deem d‘Baumaschinne gelagert ginn, opgebrach. Bei engem weidere Container, deen als Vestiaire genotzt gëtt, stoung d‘Fënster op, d‘Dier war opgehiewelt ginn. Wéi et de weidere Verlaf vun dëser Affär sollt weisen, hat sech déi vun der Damm beuechte Persoun, beim „éischte Passage“ souzesoen de Wee virbereet.

An tatsächlech sollt nëmme wéineg Stonne méi spéit, ee weideren Zeien der Police nees „ee Mann“ bei der Baustell mellen. Dës Kéier haten eis Zankerten eppes méi Gléck, wëll den Zeien hat nawell eng zimmlech gutt Beschreiwung an d‘Fluchtrichtung vun der verdächteger Persoun ofginn. Esou konnt d‘Police den Déif zäitno ergräifen. Dësen hat dann och zwou Aarbechtsmaschinne bei sech. De Procureur huet d‘Verhaftung vum Brigang ugeuerdent. Alles an allem si véier Maschinne vun der Baustell geklaut ginn. D‘Police seet den Zeie fir hir wäertvoll Hëllef Merci.

Du hues awer schéi Schong…

An der Minettmetropol Esch Uelzecht, huet ee jonke Mann ee schlecht Renconter gemaach. Hien ass kuerz no 22 Auer un zwee Klatzkäpp geroden, déi sech fir seng Schong interesséiert hunn. Et mussen Experte gewiescht sinn, wëll si hunn d‘Affer genéidegt dës Schong am Wäert vu ronn 800 Euro auszedoen. Wéi si hate wat se wollten, hunn si sech aus dem Stëbs gemaach. D‘Affer huet missen op Strëmp heem goen. Déi Escher Police huet d‘Plainte entgéintgeholl.

Um Samschdeg goung et virun

Wann net alles zu Onwee bruecht gëtt, huet et nach aner illegitim Aktivitéiten, déi an der Däischtert manner opfale sollten. D‘Betounung läit op sollten, wëll déi zwee, déi um Samschdegmoien 4.20 Auer vum Hausbesëtzer an der Lonkecher-Strooss (Märel) iwwerrascht goufen, schéngen sech hirer Saach sécher gewiescht ze sinn. Si hunn d‘Flucht ergraff an elo sinn d‘Zankerten hannert hinnen hir.

Op der Plaz war d‘Spuresécherung vun der Police an et gouf alles zu Protokoll geholl. Bei den Abriecher handelt et sech ëm zwou Persoune vun nordafrikanescher Hierkonft. Béid sollen 1,70 Meter grouss sinn. Een Täter gëtt op 40 Joer geschat, wier vu schlanker Statur, war däischter bekleet an hat eng faarweg Mutz op der Bëls. Den 2. Täter war „méi jonk“ an och däischter bekleet.

Zu Saeul an der Mierscherstrooss, gouf ee Samschdeg tëscht 8.45 a 21.30 iwwert d‘Récksäit vun engem Wunnhaus agebrach. D’Spuresécherung vun der Police war op der Plaz an huet déi an esou Fall üblech Prozedur agehalen. Och hei géif sech d‘Police freeën, wann et Hiweiser zum oder zu den Täter hätt.

Illustratioun: © Maxim Hopman / unsplash

Dernières nouvelles