Déi nei brittesch Twitter-Diplomatie

Dem Boris säin Oppene Bréif un den Emmanuel suergt fir eppes Gespréich

Nodeems déi längst erwaarten Tragedie – am Kontext vun den illegalen Iwwerfaarte vu Frankräich a Richtung Groussbritannien – dës Woch agetrueden ass, dreet de Sträit tëscht London a Paräis ze eskaléieren. Dem Boris Johnson säin oppene Bréif un den Emmanuel Macron, huet Folgen: déi brittesch Inneministesch Priti Patel, ass vun engem Treffen zur Migratioun ausgeluede ginn.

Eigentlech haten déi brittesch a franséisch Regierungen, nom Dout vu 27 Migranten/Flüchtlingen am Äermelkanal, sech drop verstännegt, datt een alles sollt ënnerhuelen, fir esou Faiten an Zukunft ze verhënneren a Juegd op d‘Schleiserbanden ze maachen. Elo huet et bei de méigleche Mesuren, déi zur Andämmung vun der illegaler Migratioun solle bäidroen, eppes divergent Virstellungen.

Dat ass u sech dat normaalst vun der Welt, well d‘Politik entscheet jo hei net am Sënn vun de Mënschen – zumindest wann e gewëllt ass Migranten/Flüchtlingen als Mënschen ze betruechten – mee entspriechend der aktueller Innepolitik an deem wat Wirtschaft & Industrie bereet sinn hei matzedroen. An dat wier eigentlech scho schlëmm genuch. Mee de Boris ass politesch „kreativ“.

Migratioun

Elo geet et bei politeschen Aktiounen, och ëmmer eppes dorëms, sech bei den eegene Leit als déi dreiwend Kraaft bei der Léisungsfannung fir ee Problem ze presentéieren. An dat ass beim Boris Johnson, deem d‘Reechwäit vun den Tweets, déi säi Copain a Mentor Donald Trump wärend der Mandatszäit ofgesat huet, net entgaangen. Datt een domadder „uneckt“ hëlt een anscheinend a kaf.

Wat de Klatzkapp vun der Insel wëll

An sengem oppene Bréif, deen de Boris Johnson op Twitter verëffentlecht huet, verlaangt de Mann vum Adressat, dat dësen en Ofkommes mat de Britte soll unhuelen, datt sech Paräis verflicht, déi Migranten/Flüchtlingen, wou vu Frankräich aus illegal den Äermelkanal iwwerquieren, ouni grouss Ëmstänn zeréckhëlt. Et wier dat eenzegt probat Mëttel de Schleiserbanden d‘Handwierk ze leeën.

Dat kléngt eppes no Provokatioun, woubäi een hei eppes Versteesdemech fir Groussbritannien sollt opbréngen. Déi bestoend EU-Reegel, laut där een d‘Migranten/Flüchtlingen dierf zréck an dat Land schécken, wou si als éischt ukomm sinn oder hir Demande fir Asyl/internationale Schutz agereecht hunn, gëllt bekanntlech nëmme fir Membere vun der Europäescher Unioun. Krass, ass awer esou.

A well d‘Britten sech jo fir d‘Autonomie vum Empire entscheet hunn, well een ëmmer besser mat sech selwer eens gëtt, wéi wann een Deel vun enger Solidargemeinschaft ass, hunn si ee Problem. Si kënnen d‘Réckféierung vun den illegalen Awanderer, net méi afuerderen. A well et natierlech eng ganz Panoplie u Sträitpunkten tëscht de Britten a Frankräich huet, gëtt elo richteg interessant.

Esou erwaart de brittesche Premier, datt den NATO-Partner Frankräich elo alenkt, a sech bereet erkläert, gemeinsam Patrulle vu franséischen a brittesche Grenzschützer entlaang der franséischer Küst ze organiséieren. Verlaangt gëtt och den Asaz vun de leschten „Technologien“, wéi Sensoren, Radaren a firwat net och Dronen. Dat kann een alles als „Ofwiermesuren“ esou och novollzéien.

Interessant dann awer d‘Fuerderung no Zougank zu de franséische Gewässer, Loftiwwerwaachung a geheimdéngschtlech Operatiounen. Am Elysée huet een dann emol de Bréif zur Kenntnis geholl. Eng Äntwert gouf ausgeschafft, an zu London dierft een sech elo verwonnert zeréckleeën, wëll an der Zäit, also wéi een nach „Member“ war, huet een an der Unioun ëmmer d‘Wënsch respektéiert.

De Konter vun der „Grande Nation“

Zu Paräis soll sech de President Emmanuel Macron net esou wierklech iwwert de Courrier vum brittesche Premier Boris Johnson gefreet hunn. Dësen notéiert: „Iwwert esou Themen, déi zwee Staatscheffe reegele mussen, kommunizéiert een net via Twitter, an et verëffentlecht en och keng däraarteg Bréiwer“. Dat kléng net wéi wa Frankräich bereet wier, elo op d‘Fuerderung anzegoen.

Aus dem Elysée heescht da weider, datt déi eigentlech Äntwert an enger eescht gemengter an vu béide Säiten ofgeschwaten Zesummenaarbecht läit. Et gëtt nach drop higewisen, datt een de Problem un der Wuerzel upake muss, an net eréischt wann d‘Migranten/Flüchtlingen un der franséischer Küst ukomm sinn. Leider versoen och d‘Fransouse bei der Ursaachebekämpfung.

Migratioun

Schlëmmer nach, dank hirer militärescher Neokolonialpolitik, dréit Frankräich ganz aktiv zu den Flucht-/Migratiounsbeweegunge bäi. Dat gesot, wier nach drop hinzeweisen, datt sech ee Sonndeg d‘Inneminister vu béide Länner, also de Gérald Darmanin an d‘Priti Patel, eng Entrevue gënne wollten, fir iwwer méiglech Léisungen, Mesuren a weider Schrëtt ze beroden. Dat fält an d‘Wasser.

Wëll dem brittesche Klatzkapp säi Schreiwes weder an der Form nach an der Manéier vun der Publikatioun akzeptabel ass, dierf d‘Priti Patel de Sonndeg am Krees vun der Famill verbréngen. D‘Treffe selwer – zu dem d‘Belsch, Däitschland an Holland och ageluede sinn – fënnt awer statt. Déi véier wäerten also ouni brittescht Gejéimers, iwwert d‘Situatioun am Äermelkanal beroden…

mat indymedia/lon/par/bru

Annex: ‘History Will Judge this Shabby Government’ and its Weaponisation of Refugee Lives says Lord Alf Dubs

Dernières nouvelles