Rebellioun zu Dräibuer: 2 Jugendlecher goufe festgeholl

Nodeems e Grupp Jugendlecher vun Dräibuer sech vehement geweigert huet, um Owend an hir Zëmmeren ze goen, ass d’Situatioun aus dem Rudder gelaf. Souwuel Mataarbechter vun der sozialpedagogescher staatlecher Erzéungsstruktur wéi och Poliziste goufen attackéiert.

Um spéide Samschdeg Owend huet d’UNISEC-Departement vun Dräibuer d’Police kontaktéiert, fir op der Plaz ze vermëttelen. Déi 6 Jugendlech wollten allerdéngs net kooperéieren an hu schliisslech ugefaangen, Géigestänn op déi Erwuessen ze geheien an handgräiflech ze ginn.

D’Resultat: 3 Poliziste goufe blesséiert, 2 Jugendlecher sinn op Uerder vum Parquet festgeholl an op Schraasseg bruecht ginn. Zousätzlech si 4 Mataarbechter vun Dräibuer an 3 Jugendlecher fir eng Kontroll an d’Spidol komm. Dobäi kënnt en erhiefleche Materialschued.

Dernières nouvelles