En Dramland fir Wolz

Esou wandelbar wéi e Chameleon, ass och d’Konzept vum „Dreamland Creative Space“ zu Wolz. Mat engem Evenement e Freideg sollt d’Caroline Martin en éischten Abléck ginn, wéi et hei an Zukunft viru goe soll.

Als Fotografin huet d’Caroline Martin sech well en Numm gemaach an ass ënnert anerem bekannt fir seng fantastesch Opnamen fir den Naturpark Öewersauer, Concerten an aner Evenementer. Elo wot de kreative Kapp en zousätzleche Projet am Norde vum Land.

Dobäi ass d’Konzept vum „Dreamland Creative Space“ guer net emol esou liicht anzeuerdnen. Zum engen soll d’Plaz a Form vun enger Galerie verschiddenste Kënschtler Siichtbarkeet schenken. Et sollen awer och reegelméisseg Workshops an Evenementer organiséiert ginn, en Tounstudio am Keller entstoen, Band-Merch ugebueden an dem „Didac“ Plaz fir Instrumenter ze reparéieren gemaach ginn.

Dreamland Creative Space
Andréck vum Evenement ‘Dreamland Creative Space goes Wonderland’ © Shari Pleimelding / moien.lu

E risege Projet gëtt dobäi op klengem Raum verpaakt. Ma, d’Caroline Martin selwer ass sech bewosst, wat fir eng grouss Erausfuerderung et gëtt. Nodeems d’Lëtzebuergerin no engem Haus gesicht an zu Wolz fündeg ginn ass, koum beim Ubléck vun de Raimlechkeete spontan d’Inspiratioun.

Mat senger Iddi konnt d’Fotografin schliisslech och beim Concours „Äre Projet (m)am Naturpark 2021“ iwwerzeegen an doduerch zousätzlech Visibilitéit gewannen. Net nëmme Wolz soll nei opbléien, déi kreativ Plaz an der Groussgaass soll zur „Place to be“ ginn, wéi hatt selwer erkläert huet.

Wéi dat kéint ausgesinn, dovu konnt d’Ëffentlechkeet sech leschte Freideg e Bild maachen. Ausgestallt hunn d’Christine Schmalen (Molerei), d’Claudine Pint-Lieners (Keramik), den Didac Zerrouk (Gittaren), den Zahrée Veerman (Zeechnungen), den Naturpark mat senge Produite vum Séi an natierlech d’Fotografin selwer.

E musikaleschen Higucker gouf dunn owes gebueden mam Optrëtt vum Kevin Heinen an den Jam Pies.

Dernières nouvelles