Well Dreem net just Dreem bleiwe sollten (Carte Blanche)

Et si besonnesch Liewensziler, Idealer a Glécksmomenter, déi wuel jidderee vun eis erreeche wëll. Bei den enge bleift et op éiweg en Dram, anerer weise Courage a verwierklechen hiren Häerzenswonsch, och wann dëse vläicht mat Risike verbonnen ass.

De Sproch „Dreem net däi Liewen, mee lief däin Dram“ ass um haitegen amerikanesche Verwierklech-deng-Dreem-Dag ganz present. Et weess een zwar net, wien den Aktiounsdag an d’Liewe geruff huet a wat d’Beweeggrënn waren, allerdéngs gëtt wuel jidderee vun eis dozou ugereegt driwwer nozedenken, ob a wéi eng Dreem ee selwer huet an ob ee se dann net endlech verwierkleche sollt.

Dës Dreem kënne vu Klengegkeete bis hin zu ganz groussen Ereegnisser goen. Fir e Fallschiermsprong muss een kuerz Courage weisen, fir sech héich uewen aus dem Fliger ze geheien. Dofir gëtt een uschléissend mat enger eemoleger Vue a ganz ville Gléckshormoner versuergt.

Et ass awer och beispillsweis den Dram, de sécheren Job opzeginn fir sech selbststänneg ze maachen an esou déi eege Passioun zum Beruff ze maachen. Hei ass et net de Sprong aus dem Fliger, mee deen an dat kaalt Waasser, dee vill Mënschen ofhält, et ze probéieren. „Wat ass wann et schif geet?“ ass eng Fro déi sech oft stellt. Ma, wat ass da wann et klappt?

Bei all Dram, deen ee verwierkleche wëll, sollt ee sech dofir selwer froen, ob ee léiwer e Liewe laang just e Gedanken am Kapp well hunn, oder vu sech behaapte well, datt een et probéiert huet. Och wann et net mat Succès verbonnen ass, esou kann eleng de Versuch eppes z’erreechen fir Satisfaktioun suergen. A wann et funktionéiert, dann ass et jo ëmsou besser.

Dës Technik nennt sech mentaalt Kontrastéiere – nieft den negative Folgen, gëtt geroden och ze kucken, wat sech alles Positives doe kéint, wann een eppes wot.

Jidderengem ass et erlaabt Dreem ze hunn, egal wéi eng Verflichtungen een huet. Mat genuch Selbstvertrauen, Gedold, Courage kann et dann un d’Verwierklechung goen! An dobäi sollt ee sech bewosst sinn, datt een ni ze al an d’Liewen awer ze kuerz ass. Mat der Ënnerstëtzung vu senge Matmënschen, fält engem den aktiven Deel ëmsou méi liicht.

Dernières nouvelles