De Kampf géint Drogen: 10 Kilo Heroin an 8 Kilo Ecstasy séchergestallt

Ass eng Dier zou, geet op enger anerer Plaz eng op, esou och am Beräich vun den illegale Substanzen. Ma, elo waren Agente vun der Inspektioun Anti-Drogen vun der Douane erfollegräich a konnten dem Handel an dem Verkaf vun Narkotikum zu Lëtzebuerg agräifen.

Dobäi konnt bei der Verhaftung vum Dealer eng grouss Quantitéit Heroin, souwéi eng grouss Zomm Suen saiséiert ginn. D’Ënnersichung, déi vun der Douane duerchgefouert ginn ass, huet erginn, datt méi ewéi 10 Kilo Heroin an d’Land importéiert goufen. Dës ware prett fir de Verkaf.

An engem weidere Fall ass et den Agenten, zesummen mat hiren däitsche Kolleege gelongen méi ewéi 8 Kilo Ecstasy sécherzestellen. Dës Drogen sinn aus Holland komm.

Och am Lëtzebuerger Prisong sollen an Zukunft 2 Hënn an den Asaz goen an hei Drogen a sensibel Produiten ze erschnoffelen.

Dernières nouvelles