Risiko: Duerchseuchung vun der Grondschoul

Wäert d'Duerchseuchung an de Fondamentallen elo esou richteg Faart ophuelen?

De MENJE hat virgëschter decidéiert d’Quarantänereegel am Zyklus 1 vum Fondamental méi labber ze maachen. Net, wéi bis elo, ab dem zweete Fall, mee genee wéi an den Zyklen 2 bis 4, kann elo och am éischten Zyklus eng Klass eréischt ab dem sechsten Infektiounsfall a Quarantän gesat ginn.

Vu bausse gekuckt kann een dëse Parallelismus sécherlech novollzéien, mee an den Aen vum SNE/CGFP bréngt dës politesch Entscheedung vill Gefore mat sech. Ass elo wierklech – mat Bléck op déi rasant steigend Infektiounszuelen an de Grondschoulen an der Bevëlkerung – den Zäitpunkt komm, fir d’Quarantänebestëmmungen am éischten Zyklus ze entspanen?

Den SNE/CGFP wëll dorop hiweisen, datt an der Grondschoul, virun allem am éischten Zyklus, weiderhin bal all Kanner ongeimpft sinn. Och gëllt am éischten Zyklus, am Géigesaz zu den Zyklen 2 bis 4, keng Maskeflicht fir Kanner. Dës Weideren besteet och e ganz enke Kontakt tëscht de Kanner selwer, sou wéi och tëscht de Kanner an den Enseignanten.

Raumloftfilter, déi den SNE/CGFP zanter dem Ufank vun der Pandemie fuerdert, kéinte grad an dëser Situatioun dozou bäidroen, den Infektiounsrisiko ze verréngeren.

Am Géigesaz zu den Zyklen 2 bis 4 gëtt am Zyklus 1 net an der Schoul getest, mee Doheem. Hei vertraut de MENJE an Zukunft op déi nei geschafen „déclaration sur l’honneur“ déi vun Elteren ënnerschriwwe ka ginn. Laut Aussoe vum Bildungsminister soll dës garantéieren, datt d’Tester iwwerhaapt Doheem duerchgefouert ginn, an dat esou gewëssenhaft an éierlech wéi méiglech. Wat dës „déclaration sur l’honneur“ elo wierklech wäert ass, wäert d’Zukunft weisen!

Et ass richteg, datt momentan eng Rei vu Kanner an/oder Klassen, besonnesch am Zyklus 1, sech des Ëfteren a Quarantän befannen. Dat ass sécherlech kee glécklechen Ëmstand, weder fir d’Kanner nach fir d’Enseignanten an d’Elteren.

D’Entscheedung vum MENJE, d’Quarantänereegelen am Zyklus 1 méi labber ze maachen, an dat trotz immens héijen Infektiounszuelen an eisem Land, ziilt eiser Usiicht dorobber of, Klasseschléissungen ze vermeiden an de Schoulbetrib esou laang wéi méiglech oprecht ze erhalen.

Obwuel dës Entscheedung op den éischte Bléck novollzéibar erschéngt, wäert se sécherlech bei ville betraffenen Enseignanten Kapprëselen ausléisen an op Onverständnis stoussen. Den SNE/CGFP versteet an deelt d’Suergen vun den Enseignanten.

An den Aen vum SNE/CGFP besteet elo en erhéichte Risiko, datt et zu enger Duerchseuchung an de Klassen a Schoule kënnt. Et freet sech, wéi een Afloss d’Lockerunge vun de Quarantänebestëmmungen am Zyklus 1 wuel op déi Gesamtinfektiounszuelen wäert hunn.

Wann d’Zil vun der Regierung wierklech eng Duerchseuchung vun der Gesellschaft mëttels enger Infektiounswell ënnert de Jéngsten ass, da sollt si mat der Bevëlkerung am Allgemengen an de Professionellen aus dem Erzéiungsberäich am Besonneschen op mannst Kloertext schwätzen.

Den SNE/CGFP bedauert, datt eng Coronaerkrankung bei de Kanner bëlleg a Kaf geholl gëtt, och wann de Krankheetsverlaf bei de méi jonke Generatiounen anscheinend manner hefteg verleeft. Allerdéngs sinn d’Folge vum Long-COVID zur Zäit, och wat d’Kanner ugeet, just wéineg erfuerscht an dofir schwéier ofzeschätzen.

A wat ass mat den Enseignanten?

Matgedeelt vum SNE/CGFP

Annexe:

Communiqué vum SNE/CGFP

Dernières nouvelles