Echterlive: Weider Kënschtler si bekannt

D’Virwëtz war grouss, elo ass d’Kaz aus dem Sak. Wien däerf dann nach am Kader vum Echterlive zu Iechternach optrieden? Organiséiert gëtt dee schéine Festival, ewéi ëmmer vum Trifolion.

Den 20. Juli um 21 Auer, spillt déi portugisesch Sängerin Mariza mat hirem Programm „Mariza canta Amália“ wäert si d’Spectateure verzauberen. Mat Amália-Klassiker gi mir op eng Rees duerch de portugiesesche Fado matgeholl.

Den 22 Juli um 20 Auer halen eis d’Kënschtler Ayanna Witter-Johnson an d’Judith Hill net méi op de Still. Dës talentéiert a villsäiteg Sängerinne wäerten d’Bün am Abteihaff dominéieren. Zwee Concerte gefëllt mat Soul an R&B – wat wëll ee méi?

Dernières nouvelles