Fréijoersconcert zu Éilereng

Mir invitéieren häerzlech op eisen traditionelle Fréijoersconcert op Éilereng an de Kulturschapp. Um 19 Auer offréiere mer fir di interesséiert Leit e grousse Wënzerteller mat schéinen ausgewielte Wäiner. (Limitéiert op 60 Persounen, an nëmmen op Reservatioun).

Um 20 Auer spillen eis Gäscht vun der Garnecher Musek ënnert der Leedung vum John Schneider den 1. Deel vum Concertsprogramm. No der Paus presentéiert sech eist Jugendorchester Éilerenger Harmoniechen ënnert der Direktioun vum Ben Weiland. Zum Schluss dann d‘Harmonie Éilereng mam Claude Weiland als Dirigent.

Reservatioune, och fir d’Iessen, kënnt dir iwwert reservation@harmonie-eilereng.com oder um Telefon 691-552-671 machen.

  • Erwuessener:  30€ (Mat Iessen)
  • 10€ (Nëmmen Concert)
  • Kanner: 15€ (Mat Iessen)
  • 5€ (Nëmmen Concert)

Mir géingen eis freeën vill vun Iech kënnen ze empfänken,

*matdeelt vun der Harmonie Éilereng a.s.b.l.

Dernières nouvelles