Dem Donald Duck säin éischten Optrëtt

Den 9. Juni 1934 ass déi wuel beléiftsten Int aus der Cartoon- an Disney-Welt, den Donald Duck, eng éischte Kéier opgedaucht. Am Kuerzfilm „The Wise Little Hen“ hat hien zwar just eng Nieweroll kritt, ass awer esou gutt ukomm, datt en ëmmer méi oft an de Mickey-Maus-Filmer ze gesi war an zanter Joerzéngten net méi nieft der Maus ewechzedenken ass.

D‘Wierk vun knapp 8 Minutten ass eigentlech e Lidd, an deem et ëm e schlaut klengt Hong geet, dat op der Sich no Hëllef ass fir de Mais ze séinen. Nodeems d‘Schwäin scho Bauchwéi simuléiert huet, fir net schaffen ze mussen, huet och den Donald esou gemaach, wéi wann et him net gutt wier. Wou de Mais bis héich genuch gewuess war an d‘Hong nees op d‘Sich no Verstäerkung bei der Recolte gaangen ass, hunn d‘Schwäin an d‘Int sech zesummegedoen, fir nees Bauchwéi virzetäuschen.

Wou et awer schliisslech dorëms gaangen ass, de Mais ze iessen, waren den Donald a säi rosa Kolleeg bereet ze hëllefen. Ma, elo war et um Hong sengem Tour sech e Spaass ze erlaben a sech un deene faule Gestalten ze rächen.

War den Donald Duck deemools nach méi schlaakseg, mat engem méi klenge ronne Kapp an engem grousse Schniewel, esou gouf seng Figur mat de Joren liicht verännert. Säi Matrousekostüm duerft bleiwen, sou wéi och seng Ongedold an déi liicht faul Perséinlechkeet.

Bekannt ass d‘Int virun allem fir seng kuerz Ufäll vu Roserei, déi fir de Spectateur witzeg eriwwerkommen. Donieft soll hien awer och ëmmer en eidele Portmonnie hunn duerch d‘Scholden, déi him säi Monni, den Dagobert hannerlooss huet. A propo Famill a Frënn: Déi beléift Figur trëtt reegelméisseg nieft dem Mickey a Minnie Maus, dem Goofy a Pluto op, ass awer och verwannt mam Tick, Trick an Track, dem Gustav Gans, dem Dagobert an Della. Verloobt ass hien mam Daisy Duck.

Op Wonsch vum Publikum krut den Donald 1936 endlech seng Haaptroll am Wierk „Donald und Pluto“. Mëttlerweil ass de klenge Choleriker net méi aus dem Disney-Universum ewech ze denken.

Dernières nouvelles