D’ULC fuerdert kuerzfristeg Deckelung vun den Energiepräisser

D’Verbraucherpräisser fir Äerdgas si vun Dezember 2020 bis Dezember 2021 ëm duerchschnëttlech 61,33 % geklommen, d’Verbraucherpräisser fir Flëssegbrennstoffer am selwechten Zäitraum ëm 64,27 %.

D’Präisser fir Bensinn, Diesel, Gas klammen aktuell praktesch all Woch an ni do gewieschten Héichten. Dobäi kënnt déi indexneutraliséiert, däitlech erhéicht CO2-Steier.

Déi drastesch geklommen Energiekäschte belaaschten d’Haushälter ëmmer méi. Virun allem akommensschwaach Famillje sti viru reelle finanzielle Problemer, well hir finanziell Mëttel et hinnen net erlaben, d’Energiekäschten ze begläichen.

Wärend de leschte Woche krute vill Haushälter hir Joresofrechnung a goufe mat immense Präissteigerunge konfrontéiert. Domat net genuch, elo mussen zuelräich Famillen an Zukunft dat Duebelt wéi bis ewell u Virauszuelunge leeschten.

Dofir fuerdert d’ULC erëm, datt besonnesch akommesschwaach Haushälter kuerzfristeg duerch Energiesonnerbäihëllefe vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn. Doriwwer hinaus fuerdert d’ULC d’Regierung op, e Präisstopp fir Energiepräisser eeschthaft a Betruecht ze zéien, wéi dat iwwregens schonn a munch anere Länner vun der EU de Fall ass.

Alternativ kann d’ULC sech och eng gesetzlech virgeschriwwenen Eenheetspräis fir eng Mindestmenge vun Naturgas virstellen, déi et dem Haushalt erlaben, d’Wanterméint ze iwwerbrécken.

D’ULC kritiséiert d’Energiepolitik bezéiungsweis d’Energiewende vun der Regierung, déi net just iwwert d’Präispolitik, mee allgemeng gekuckt op d’Käschte vum Endverbraucher geschitt. Et besteet also schnellstens Handlungsbedarf an net eréischt zur Summerwende.

Matgedeelt vun der ULC

Annexe:

Communiqué vun der ULC

Dernières nouvelles