Degradatiounen am Enseignement

D‘Gewerkschafte fir den Enseignement, SEW/OGBL an SNE/CGFP, hunn zolidd Suergen. Den Enseignement gëtt zur Stonn mat voller Wucht vun der Pandemie getraff, a méi wéi sech elo „ze organiséieren“ schéngt net dran ze sinn.

Op Enseignant oder Erzéiungsberechtegten, déi verflixt Covid19-Pandemie, déi sech wéi et jo alle mëttlerweil ersiichtlech ass, nees opdrängt an zuweile geféierlech Friichten dréit, mécht ee midd. D‘Gewerkschafte stelle fest, datt d‘Enseignanten an hir Schüler/Studenten zwar an d‘Schoul solle goen, mee Owes doheem bleiwe sollten. Feelend Personal ze ersetzen, geléngt wuel och net méi.

Well op Loftbereengegungssystemer verzicht gouf, musse bei den aktuellen Temperaturen, zum jo recommandéierte Lëften, d‘Fënster opgerappt ginn an d‘Kanner sëtzen dann am Mantel an der Klass. Dat kann dach eigentlech d‘Léisung – vun där mir bekanntlech all Deel sinn – net sinn an d‘Lag verschlëmmert sech elo vun Dag zu Dag. Dat behaapten net d‘Gewerkschaften dat ass Fakt.

Laut der Santé, si vun de ronn 5.000 aktiven Infektiounen am Land, bal en Drëttel bei Kanner ënner 14 Joer festgestallt ginn. Den SEW/OGBL weist nach drop hin, datt d‘Situatioun vu Schoul zu Schoul verschidden ass. Et huet Etablissementer wou et kaum „Zirkulatioun“ huet an anerer an deenen sech d‘Cluster méi séier entwéckele wéi ee reagéiere kann. Dat suergt fir Kappzerbrieches.

Esou seet de beispillsweis de Patrick Arendt (SEW/OGBL) datt kee méi mat der Logik vun den agesate Mesure eens gëtt. Et hätt ee wuel nach ëmmer vill Elteren déi sech strikt un alles halen, et awer an der tëscht och eng gréisser Unzuel Elteren, déi net méi géife matmaachen. Et ass jo esou, datt wann et Infektiounsfäll an enger Klass huet, d‘Eltere mussen informéiert an aktiv ginn.

Déi awer sinn oft op der Schaff – wou se sech jo zanter dem 1. Dezember och Mesure mussen ënnerwerfen – reagéieren zuweile gereizt a refuséieren datt d‘Kand getest gëtt. Eng Decisioun déi awer séier revidéiert gëtt, wann si opgefuerdert ginn hiert Kand sichen ze kommen. Wann een déi eege Komfortzon verloosse muss, si gewësse Bedenken da wuel net méi ganz esou wichteg…

Vill Opwand wéineg Versteesdemech

Beim SNE/CGFP ass een nach eng Grëtz méi beonrouegt, et kéint ee scho bal soen: veriergert. Et géif, esou de Patrick Remakel, kaum nach Remplaçanten an eigentlech méi Zäit opgewannt fir no Léisungen ze siche wéi e Léisungen huet. D‘Mëttel ware scho virdru begrenzt, elo misst een hei improviséieren. D‘Zesummeleeë vu Klassen an Iwwerstonnen, si fir hien dee ganz Falsche Wee.

Am Ministère ass de Problem bekannt, vun do aus awer just d‘Informatioun, datt sech d‘Direkter ofsprieche fir ugemoosse Léisungen erbäizeféieren. Et gëtt och nach emol drun erënnert, datt ee wärend der Kris weider Leit agestallt hätt fir d‘Enseignanten ze ënnerstëtzen. Dat ass awer elo och eng „begrenzt Ressource“ an d‘Problemer si villfälteg. Zudeem gëtt hei vu Fall zu Fall entscheet.

Bei engem oder zwee Infektiounsfäll gëtt keng Klass zougemaach, esou de Ministère, deem wuel net ganz ersiichtlech ass firwat Enseignante et als Erausfuerderung empfannen, wann en Deel vu Schüler „doheem“ léiert an zäitgläich am Presenzunterrecht de Programm soll agehale ginn. An et sinn net Kanner eleng déi de Gewerkschafte Kappzerbrieches bereeden, nee och d‘Elteren…

Esou stellt den SEW/OGBL fest, datt et Plazeweis zolitten Dissens tëscht Elteren huet, déi dem Test zoustëmmen an deenen déi dat net wëllen. Si befierchten datt et an Folleg wäert zu engem „aneren“ Ëmgang mat geimpften/getesten an den net geimpfte Schüler kënnt. Schonn elo ass et ugespaant tëscht deene wou d‘Mesuren ze streng fannen an deenen déi méi wäitreechend Mesure fuerderen.

Dernières nouvelles