An Erënnerung un d’Ardennenoffensiv

En Donneschdeg, de 16. Dezember erwaart eis de 77. Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv am Schumannseck bei Wolz. Fir un de bluddege Kampf tëscht den däitschen an amerikaneschen Zaldoten ze gedenken, sou wéi den dausenden Affer eng Éier ze erweisen, gi Kränz beim National Liberation Memorial néiergeluecht.

D’Gedenkzeremonie soll am klenge Kader stattfannen. Esou gëtt drop higewisen, datt interesséiert Persounen vum „Sentier du Souvenir“ profitéiere sollten, dee virun iwwer 25 ageriicht a viru kuerzem erneiert gouf.

58 Schëlter mat Erklärungen op dräi Sprooche sinn um Gedenkpad ze fannen. E Wee vun 3 km, an déi kuerz Versioun vun 1,7 km erméiglechen zousätzlech mat 65 liewensgrousse Silhouetten op Basis vun Original-Fotoen e méi déiwen Abléck an d’Vergaangenheet.

Zesumme mam Naturpark Öewersauer, dem ORT Éislek an de Gemenge Wolz, Wanseler an der Stauséigemeng schafft d’National Liberation Memorial Asbl aktuell drun, de Wee nach méi attraktiv ze gestalten. Bis Fréijoer 2022 soll interaktiv audiovisuell Féierung méiglech sinn.

Dernières nouvelles