Kannerrechter an zwou Minutten erkläert

Um haitege Samschdeg ass de Weltdag vun de Kannerrechter.

An dësem Kader huet den Educatiounsministère an Zesummenaarbecht mat de Schüler vun der Lënster Lycée International School (LLIS) ee léierräiche Videoclip mat de Rechter vum Kand produzéiert.

Dat ass nawell een éierewäerte Projet. Kanner sollen a mussen hier Rechter kennen. Nëmmen esou kënne si sech uerdentlech schützen a wieren. An dësem kuerze Video schwätzen d‘Studenten un der Säit vum Educatiounsminister Claude Meisch. Dobäi ginn zwou Minutten duer, fir 11 Haaptrechter aus der Internationaler Konventioun vum Recht vum Kand, zesummenzefaassen – an dat nach an ënnerschiddleche Sproochen.

Zu dëse Kannerrechter gehéieren ënnert anerem d‘Recht op Gesondheet, ee stabillt Familljeliewen an zemools d‘Recht op eng Stëmm, fir seng Meenung ze soen, Gefiller ze erklären a Wënsch ze äusseren.

Dernières nouvelles