Dag vun der oppener Gaardepäertchen: D’Paradäis hannert dem Haus

Leschte Weekend ass déi 19. Editioun vum „internationalen Dag vun der oppener Gaardepäertchen“ uechtert d‘Land organiséiert ginn. Heibäi hu Privatleit an hiert gréngt Paradäis invitéiert an eent dovunner ass zu Eschduerf ze fannen.

Kritt een e Plang an de Grapp gedréckt, dann handelt et sech oft ëm eng gréisser Aventure. Esou och am Fall vun der fantastescher Oase vun der Famill Schanck. Op den éischte Bléck huet de Gaart vun der Gréisst hierzimmlech iwwersiichtlech ausgesinn. Hannert de Beem erstreckt sech allerdéngs e risegt Konschtwierk.

Nieft dem Haus- a Geméisgaart mat senge villen Hochbeeter sou wéi der Zär huet d‘Famill Schanck mat villKreativitéit an op eegen Initiative ee Labyrinth (duerch dat d‘Enkelin d‘Visiteure guidéiert huet), e Grieser- a Senkgaart, eng Blummewiss mat Waasserbasengen a Buxusbeeter, wéi och engem idylleschen Naturweier geschafen. 

Dobäi kennt e sougenannte „Longwalk“, deen engem d‘Gefill gëtt am Gaart vun engem Schlass ze sinn. Eng Terrass, e Steekrees an ee Weidekrees, sou wéi de Beräich mat de ville verschiddene Rousenaarten – dorënner och Lëtzebuergescher – maachen d‘Meeschterwierk komplett. 

Dag vun der oppener Gaardepäertchen
© Shari Pleimelding / moien.lu

Wéi d‘Edmée an de Marco erkläert hunn, hätte si schonn eng flott Fläch beim Haus dobäi gehat. Schliisslech krute si d‘Chance nachTerrain dobäi ze kafen, deen dunn mat vill Léift zum Detail verwandelt gouf. De Gros vun den Iddien ass dobäi duerch déi grouss Leidenschaft fir d‘Natur, op Reesen an duerch Sendungen a Bicher komm. 

Schlussendlech war et awer eng Saach vum Ausprobéieren, wat klappt a wat net. Als ehemoleg Spillschoulsjoffer sot d‘Edmée, datt eng Planz bal wéi e Kand ass. Et gëtt ee sech Méi déi bescht Ëmstänn ze bidden, kuckt beim Wuessen no an et freet ee sech iwwert all Fortschrëtt.

A grad beim Dag vun der oppener Gardepäertchen wier et all Kéier e Genoss mat de Visiteuren ze diskutéieren an Wëssen auszetauschen. 

Dernières nouvelles