D’Pinsel goufen néiergeluecht, d’Wierker si fäerdeg a kënnen elo bewonnert ginn. D’Escher Gare ass mëttlerweil net just en Uert, wou Passagéier ukommen oder fortfueren, mee eng aussergewéinlech Fräiliichtgalerie fir jiddereen.
Am Kader vum Projet Kufa’s Urban Art Esch, deen 2014 vun der Kulturfabrik an d’Liewe geruff huet an duerch e kulturelle Programm am Minett e kreativen Unzéiungspunkt schaaft, hu weider sech Interventiounen vun nationalen an internationale Kënschtler stattfonnt.
Ma, och mat Bléck op d’Kulturhaaptstad Esch2022 ass dës Initiative wichteg. Schliisslech kommen zuelräich Visiteuren op der Escher Gare un, a ginn duerch d’Fresken an Interventiounen direkt a Faszinatioun versat.
Ab elo ze bewonnere gëtt et
„Vers la terre de pourquoi“ vum Boa Mistura (ES) an dem CIGL Esch Kreavert (LU);
„The Journey Within“ vum Emile Hengen (LU);
„The Sound of Moments“ vum Stéphanie Uhres (LU/DE);
„Economic power must redefine its parasitic position about the
world. We need to become a choral system of small self-sufficient centers that
collaborate as the roots of a tree contribute to shape a trunk. Respect for other forms of
life! Superior Love or extinction now!“ vum Gola Hundun (IT);
„Sans titre“ vu Jaune (BE);
„Ligne d’eau“ vum Pantonio (PT)
Weider Informatioune ginn et op www.kufasurbanart.lu.