Europarot wëll Sultan sanktionéieren

Am Sträit ëm d‘Fräiloossung vum Entrepreneur a Mäzen Osman Kavala, huet et Neies

Zanter den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff (EGMR) virun zwee Joer decidéiert huet, datt d‘Tierkei den Osman Kavala muss fräiloossen, huet sech an der Tierkei wéineg, fir net ze soe guer näischt beweegt. Dat mëssfält dem Europarot, dee vum sympathesche Belsch, Charles Michel, mat Bravour geleet gëtt. Säi Besuch beim Sultan, a Begleedung vun enger Fra, bleift memorabel…

Well dann elo d‘Tierkei net wëll alenken, also net op d‘Recommandatioun vum EGMR ageet, huet den Europarot elo beschloss méi konsequent virzegoen. Et ass ee Strofverfaren an d‘Wee geleet gi fir Ankara op den Eescht vun der Lag hinzeweisen. Dat kéint gegebenfalls bis zum Rausworf aus dem Europarot féieren. Ob dat de fréiere Bäitrëttskandidat mat islamescher Ausriichtung stéiert?

Anersäits ass et jo eng gutt Saach, datt den Europarot dem Entrepreneur, dee Kulturzenter an aarme Regioune vun der Tierkei finanzéiert an zäitgläich de President Recep Tayyip Erdogan kritiséiert, bäisteet. Elo ass den Osman Kavala sécher net den eenzege Mënscherechtsaktivist dee vun den tierkeschen Autoritéiten agespaart gouf, mee hie gehéiert schonn zu de Prominenten, ënnert hinnen.

Kavala

Wéi seng „Komeroden“ sëtzt och hien an Untersuchungshaft, dat allerdéngs zanter elo véier Joer. E geriicht zu Istanbul huet virun enger Woch, dës Haft verlängert. Dem Sultan seng Antiterrorgesetzer a Kontroll vun der Justiz mécht dat méiglech. Dat heescht dann och, datt Ankara den Ultimatum vum Europarot „lafe“ gelooss huet. Dat ass onmanéierlech, a sollt diplomatesch sanktionéiert ginn.

Anersäits gëtt den Entrepreneur beschëllegt, politesch Spionage bedriwwen a mat fofzeg aneren en Ëmstuerz – dat am Kontext vun de sougenannte „Gezi-Protester“ zu Istanbul 2013, an dem pseudo-Putschversuch am Joer 2016 – geplangt ze hunn. Déi politesch Acteure bannent dem Europarot an dem europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff, sinn iwwerzeegt, datt d‘ Beschëllegunge falsch sinn.

Dat kënnt seele vir

Elo sollt een awer hei net an Euphorie verfalen a wëllen unhuelen, datt den Europarot géif grouss Stécker op d‘Mënscherechter halen. Dëser Institutioun hire Positionnement derzou, erkennt ee ganz däitlech an der europäescher Migratiouns- an Asylpolitik. Et ass dann och éischter Seelen, datt sech dëse Veräin, zumindest zum Schäin, esou behëlt, wéi een sech dat als Bierger vun Europa erwaart.

Bis ewell huet et esou ee „Strofverfaren“ eng eenzeg Kéier gehat. Viru véier Joer war esou eppes géint de Wirtschaftspartner Aserbaidschan (dat sinn déi wou Bergkarabach mat der Hëllef vun der Tierkei militäresch plattmaache wëllen) ageleet ginn, well en Oppositiounspolitiker am Bing war. Duerch Bedreeung mam Strofverfaren ass de Mann fräi komm. Ob en nach lieft ass net gewosst.

Kavala

Interessant awer och – ëmmerhi sinn am Europarot 47 Länner vertrueden – datt de Recep Tayyip Erdogan sengersäits iwwerzeegt war, vu senge Frënn (Aserbaidschan, Russland, Polen an Ungarn) de Réck gestäipt ze kréien. Déi noutwenneg Zweedrëttelmajoritéit ass awer zesummekomm, an elo ass de Sultan eppes veriergert. Woubäi hien huet Recht, wat geet eis déi tierkesch Justiz un?

An iwwerhaapt, wat bréngt et d‘Tierke wéinst engem – schonn eppes privilegiéierte Personnage – aus dem Europarot ze geheien? Mengen déi politesch Agitateuren eventuell, datt et méi liicht wier Afloss op déi tierkesch Politik ze huelen, wann een Tierkei bausse vir léisst? Zudeem fleegen déi politesch Acteuren hir Frëndschafte mat den Autokraten ebe grad fir nach Afloss auszeüben…

mat indymedia/tlv/bru/sxb

Dernières nouvelles