Fernbedienung verluer: Eng Bréck, déi véier Joer laang kee Schëff duerchloosse konnt

Nodeems déi iresch Autoritéiten ëmmer erëm an nei Büroe geplënnert sinn, ass ëm 2010 déi eenzeg Fernbedienung verluer gaangen, mat där een d’Dréibréck mam Numm „Seán O’Casey Bridge“ konnt opmaachen, fir de Schëffsverkéier ze garantéieren.

Benannt no engem ireschen Dramatiker soll dës 100 Meter laang Foussgängerbréck zu Dublin den nërdlechen a südlechen Hafenquartier vun der irescher Haaptstad verbannen. Ma, fir och kënne Schëffer duerchzeloossen, besteet d’Konstruktioun aus zwee Deeler, déi sech jeeweils ëm 90 Grad dréie kënnen.

Fir dëse Manöver war een op eng Fernbedienung ugewisen, vun där et just een eenzegen Exemplaire ginn an déi blöderweis verluer gaangen ass. D’Diskussiounen vun den Autoritéiten hu Jore gedauert a schliisslech gouf eng nei Fernbedienung fir ëm 1.800 € programméiert.

Am Joer 2014 war et dunn nees esou wäit: No gutt 4 Joer Stëllstand, Roserei iwwert déi verluere Fernbedienung an erfollegräichen Tester mat der neier Fernbedienung, konnt d’Seán O’Casey Bréck nees esou agesat ginn, wéi et och virgesi war.

Dernières nouvelles