Fir de Schutz vu Fiichtgebidder: Kennt Dir schonn de RAMSAR-Dag?

Fiichtebidder offréiere wäertvolle Liewens- an Erhuelungsraum fir zuelräich Déieren. Leider sinn eis Baachen, Quellen, Fiichtwisen, Moueren, Flëss a Séien a kengem gudden Zoustand. Weltwäit ass d’Hallschent vun de Fiichtgebidder zeréckgaangen, zu Lëtzebuerg souguer ganzer 80 %.

Den 2. Februar 1971 gouf d’RAMSAR-Konventioun – benannt no der iranescher Stad an där se ënnerschriwwe gouf – opgestallt an vu verschidde Staaten ënnerzeechent, fir esou déi weltwäit Fiichtgebidder ze erhalen. Dobäi handelt et sech ëm dat eelst internationaalt Naturschutzofkommes. Och Lëtzebuerg huet 1998 d’Dokument ratifizéiert an zwee Fiichtgebidder als sougenannt RAMSAR-Gebidder gekennzeechent.

Heirënner falen den „Haff Réimech“ mat sengen 313 Hektar, sou wéi d’Vallée de la Haute-Sûre, wouvunner 16.900 Hektar zu Lëtzebuerg an 29.000 an der Belsch leien. Generell zielt d’RAMSAR-Konventioun 2.435 Fiichtgebidder an 172 Staaten.

Schutz vu Fiichtgebidder
© Visit Éislek

Ënnert anerem sinn et Vullen, déi vun dëse wassergebonne Liewensraim profitéieren, sief et fir ze bréien oder och als Réckzuchsméiglechkeet. Ma, eng ganz Rei Amphibien an Insekten, awer och divers Planzen kënnen net op d’Fiichtgebidder verzichten. Esou geet mam Verloscht vun dësem Liewensraum och e Verloscht vun der Aartevillfalt anhier.

Zu Lëtzebuerg gouf esou 2014 d’Majoritéit vun den naturnoe Liewensraim un der Uewersauer zum zum Naturschutzgebitt, 2018 dunn zum NATURA 2000-Gebitt erkläert. Trotzdeem klëmmt den Drock weiderhin, an dat net just duerch d’Landwirtschaft, mee a leschter Zäit och duerch d’Beléiftheet vu Waasseraktivitéiten an der Fräizäit.

Duerch d’Pandemie sinn um haitegen internationalen Dag vun de Fiichtgebidder keng Touren a Workshops méiglech. An dësem Kader proposéiert den Naturpark Öewersauer awer 2 Rondweeër, fir d’Fiichtgebidder op eege Fauscht besser kennenzeléieren:

Éislek Pad „Béiwen“
Lass geet et am Duerfkär vu Béiwen (Bavigne). Gekennzeechent ass de Wee vun 10 Kilometer mam Logo vum Naturpark Öewersauer. Well de Wee zum Deel iwwert schmuel Weeër verleeft an e puer hefteg Montéeën an Descenten huet, ass den Tour net gëeegent fir mat der Kannerkutsch ze goen.
Super Vuen op de Stauséi, d’Staumauer, de Biberdamm, d’Hallefinsel „Poutert“ an Ablécker an d’Fiichtebitt zu Béiwen mat all sengen Déieren an erklärende Panneauen erwaarden Iech.
Weider Informatioune ginn et op www.visit-eislekt.lu.

V
© Y. Krippel

„Natur pur?“ Wanderwee
Lass geet et bei der Misärsbréck. Hei kënnt Dir wielen, ob Dir den Tour vun 1,7 km oder 7 km trëppelt. Et erwaarden Iech schmuel Passagen, immens steil Montéeën an Descenten déi bei Reen a Keelt rutscheg a souguer veräist kënne sinn. Et sollt een also gutt zu Fouss sinn a léiwer op d’Kannerkutsch verzichten.
Ze gesinn gëtt et ënnert anerem den Aussiichtspunkt „Houfels“, dFiichtgebitt „Neimillen“ mat engem flotten Holzsteg an enger Beobachtungshütt, Informatiounstafelen a villes méi. Dës Wanderung ka mat der „Éislek App“ interaktiv erlieft ginn – sougenannt „iBeacons“ schécken Iech u bestëmmte Punkten spannend Erklärungen.
Weider Informatiounen zum Wee an zu senger Kennzeechnunge fannt Dir op www.visit-eislek.lu a www.naturpark-sure.lu.

Dernières nouvelles