Pearl Harbor a Flamen: Den 80. Joresdag vun der Operatioun Ai

Op der hawaiianescher Insel Oahu souzen d’US-amerikanesch Zaldote wuel grad beim Kaffi, wou géint 8 Auer d’Loftattack op Pearl Harbor hiren Ufank fonnt huet. Et ass en Ugrëff, deen an d’Geschicht agaangen ass – d’Vereenegt Staaten hu Japan schliisslech de Krich erkläert an domat aktiv um Zweete Weltkrich deelgeholl.

Oahu gehéiert zur Inselgrupp vun Hawaii, engem Bundesstaat vun den USA am Pazifeschen Ozean, a genee zu Pearl Harbor war d’Haaptquartéier vun der US-Pazifikflotte opgestallt. Mat dësem Ugrëff haten d’Amerikaner, déi bis zu dësem Zäitpunkt op Neutralitéit gesat hunn, net gerechent.

Pearl Harbor
Attack op Pearl Harbor – An der Mëtt ze erkennen ass eng Explosioun no engem Torpedotreffer op d’USS Oklahoma (gemeinfrei)

„Tora, tora, tora!“

D’Rou gouf zerstéiert vun engem codéierte Funksproch. „Tora, tora, tora!“, japanesch fir „Tiger, Tiger, Tiger“ war ze héieren a kuerz drop hunn d’Eenheete vun der japanescher Loftwaffe d’Attack op déi amerikanesch Krichsmarinn gestart. Ëm 2.400 Doudeger an 1.200 Blesséierter, 5 versenkt an 3 futtis Schëffer, sou wéi 188 zerstéiert Fligeren waren d’Resultat. Eleng d’Schëff „Arizona“, dat mat Munitioun voll beluede war, huet bei der Explosioun honnerten Zaldoten an den Dout gerappt.

Duerch dës plëtzlech Attack gouf d’Pazifikflotte staark geschwächt. Den US-President Franklin D. Roosevelt huet de schreckleche Virfall beim Vollek als „Datum vun der Schan“ beschriwwen. Ma, e globale Flächebrand gouf schliisslech ausgeléist: D’Krichskulissen vun Asien an Europa hu sech verbonnen.

Pearl Harbor
En zerstéierte B-17-Bomber um Hickam Field (gemeinfrei)

Ee vun den donkelsten Deeg an der Geschicht vun den USA

An den 30er Joren wollt Japan mat enger aggressiver Baussepolitik Asien fir sech gewannen. Dobäi sinn ënnert anerem d’Haiser vun der chineesescher Bevëlkerung néiergebrannt an hir Bewunner brutal ëmbruecht ginn. D’USA hunn de Konflikt eng Zäit beobacht a schliisslech China Ënnerstëtzung gebueden.

D’Verhältnes tëscht den Amerikaner a Japaner sollt sech awer nach weider verschlechteren, wou bis Handelsverträg gekënnegt, eng Wirtschaftsblockad ageriicht an den Äerdueleg-Krunn zougerdréit gi sinn.

Wärend d’USA den Ofzuch vun de Japaner aus China gefuerdert hunn, wollte si, datt d’Wirtschaftsblockad opgeléist an Asien nees mat Ueleg versuergt gëtt. Eng Krichserklärung wollt Japan net ofginn, d’US-Arméi war hinne wäitaus iwwerleeën, an esou gouf decidéiert d’Amerikaner temporär auszeschalten.

Pearl Harbor
Den USS Arizona Memorial erënnert un d’Affer vun der Attack vum 7. Dezember 1941 © Ereisch (CC BY-SA 3.0)

Nach haut gëllt Pearl Harbor als Symbol fir eng hannerhälteg Attack. Als Alliéiert vu Japan hunn Däitschland an Italien sech géint d’USA, an domat och géint e staarke militäresche Géigner gestallt. Den 2. September 1945 hunn d’Japaner hir endgülteg Kapitulatioun ënnerschriwwen.

Dernières nouvelles