Folter an Erpressung

Leider ass eis (an der Europäescher Unioun) bewosst, datt Folter an Erpressung an de libesche Prisonéierlager zum Dagesoflaf gehéieren.

Den Daniel* ass dëser der Häll entkomm. Ewéi hien u Bord vun der Sea-Watch 4 Gaascht war, huet hien der Ekipp seng Erliefnesser aus dëser Zäit erzielt.

Wann s de ufänks ze sträiden, folteren se dech. Si bréngen een dozou vill schlecht Saachen ze drénken. Dovunner gëtt et engem dronken. Wa si dech fesselen, fir datt s du dech net wiere kanns, betäuben si dech mat anere Saachen. Si stellen aner Leit un, eis ze folteren an ze schloen, dëst gëtt op Video opgeholl. An dat gëtt un deng Famill geschéckt. Wann deng Famill sech dat ukuckt, musse si bezuelen. Well si gesinn, ewéi s du behandels gëtt, plakeg a gefesselt. »

Geschichten ewéi déi vum Daniel si leider dacks op de Séinoutrettungsschëffer ze héieren. D’Zoustänn si bekannt an d’Mënscherechtsverletzunge kee Geheimnis méi. Dofir fuerdere mir sécher a legal Fluchtweeër, fir datt Mënschen sech net op illegaliséierte Routen a Gefor bréngen. Hei muss sech endlech eppes änneren, d’Geforen ginn ëmmer méi grouss.

Déi Europäesch Unioun an hier Membertstaaten sollen d’Zesummenaarbecht mat der sougenannter libyscher Küstewuecht beenden an no humanen Alternativen sichen.

*den Numm aus Sécherheetsgrënn geännert

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch iwwersat

Dernières nouvelles