Fondamental: Fir méi Autonomie an der Mobilitéit

Ob zu Fouss, mam Vëlo, mam Schoulbus oder vun den Elteren gefouert, de Wee an d’Grondschoul ass fir déi meescht Schüler relativ kuerz an einfach ze bewältegen. Mam Wiessel an de Lycée gëtt schliisslech eng gewëssen Autonomie gefuerdert. An dësem Kader soll d’Schüler aus dem Cycle 4 e Workshop zum richtegen Ëmgang mam ëffentlechen Transport an der Multimobilitéit erwaarden.

An enger Formatioun vun zwou Schoulstonnen léieren d’Kanner esou op spilleresch an interaktiv Aart a Weis, wéi si vun A no B kommen, an dobäi och op d’Ëmwelt an d’Gesondheet Uecht dinn.

Esou wäerten d’Schüler an hir Enseignanten an enger éischter Etapp d’Mobilitéitsapp presentéiert kréien. Bei enger uschléissender Froeronn gëtt gekuckt, wien wéi an d’Schoul kënnt. Viru geet et mat klenge Videosequenzen zu verschidden Theemen, wou d’Figure Sarah a Max d’Multimobilitéit erliewen.

Och en interaktiivt Spill erwaart d’Klassen. Natierlech dierf d’Mobilitéitsapp selwer ausprobéiert ginn. Ofgeschloss gëtt de Workshop vun enger Gespréichsronn bei där gekuckt gëtt, wat bei de Kanner hänke bliwwen ass a wat hinne besonnesch gutt gefall huet.

Zil ass et zum engen de Schüler d’Multimobilitéit virzestellen an hinnen ze weisen, wéi een d’Méiglechkeete vum ëffentlechen Transport beschtméiglech kombinéiere kann. Esou léiere si méi eegestänneg ze ginn, op den Elterentaxi ze verzichten an och d’Gewunnechten an der Famill ze änneren.

Interesséiert Schoulen a Klassen kënnen de Workshop iwwert d’Verwaltung fir ëffentlechen Transport buchen. Dofir sollte si beim Juliette Büchler op d’Telefonsnummer 26 86 57 1 uruffen. Hei sief nach erwäänt, datt d’Schoul fir d’Notzung vum iPad net onbedéngt Wi-Fi muss hunn. All Apparater si mat 4G SIM Kaarten equipéiert.

Dernières nouvelles