Protest nom Dout vun enger schwangerer Fra

Zu dausende sinn a Polen d‘Mënsche gëschter an de Groussstied op d‘Strooss gaangen, fir op en Neits géint déi restriktiv Gesetzer am Bezuch op den Schwangerschaftsofbroch ze protestéieren – als Héichpunkt gouf et zu Warschau eng Minutt vum „Gejäiz“…

Ausléiser fir dësen erneite Protest géint déi kathoulesch-faschistesch Gesetzgebung vun der PiS-Partei an hire pastoral-radikaliséierte Koalitiounspartner, ass den Dout vun enger schwangerer Fra am Oktober. Dat 30 järegt Affer war an engem Spidol zu Pszczyna (Südpolen) behandelt ginn an ass aus nach ongekläerter Ursaach verstuerwen. D‘Staatsanwaltschaft préift de Fall zur Stonn.


courtesy by Nicole Elisei

Wärend der Dauer vun der Enquête sinn déi implizéiert Medezinner aus dem Spidol suspendéiert, woubäi dat zur Prozedur gehéiert. Et ass net dovunner auszegoen, datt – zumindest net ouni den ausdrécklechen Accord vun „uewen“ – d’Staatsanwaltschaft hir Ermëttlung op d‘Gëtter a Wäiss wäert fokusséieren. Hei geet et an éischter Linn drëms festzestellen, datt et just een Ongléck ass.

De Fall wier zudeem ni no bausse gedrongen, wann déi polnesch Affekotin a Fraerechtlerin, Jolanta Budzowska, sech net an diversen Online-Medien an sozialen Netzwierker zu Wuert gemellt hätt, an d‘Schold um Dout vun dëser 30 järeger Fra, mat dem PiS-Ofdreiwungsgesetz a Relatioun gestallt hätt. D‘Affekotin ënnerstellt, datt den Dout duerch eng Ofdreiwung hätt kënne verhënnert ginn.

Polen

An tatsächlech verhält sech – aus de genannte juristesche Grënn – esou, datt d‘Dokteren a Polen, am Kontext vun engem „schwéier geschiedegte Fötus“ dëse léiwer am Leif vun der Mamm „vergoe“ loossen, wéi sech méiglechen Ufeindungen auszesetzen. Sécher ass „esou ee Fall“ och am Gesetz virgesinn, mee wie wëll sech schonn der Interpretatioun vun der Kierch widdersetzen?

Erënnere mir nach drun, fir de Kontext besser ze beliichten, datt dat polnescht Verfassungsgeriicht net nëmmen op Wonsch vun der PiS-Partei d‘EU-Recht zur „Recommandatioun“ erofgestuuft huet, mee wéi vun der allmächteger kathoulescher Kierch agefuerdert, och sämtlech „Ausnamereegele“ opgehuewen huet. Dat sech Medezinner deem net verwieren, dierf hei awer net verwonneren….

mat indymedia/waw

Foto: De roude Blëtz, d‘Symbol vum Mouvement „Strajk Kobiet“ war gëschter nees op alle Gesiichter ze gesinn. Déi meescht Fraen déi protestéiert hunn, haten d‘Foto vum Affer mat derbäi. Si wollten der Politik, der Regierung an der Kierch weisen, wien si mat hirer Gesetzer ëmbrengen. © Joanna Kędzierska

Dernières nouvelles