Am Asaz fir de Fridden

De Friddensnobelpräis gëllt als héchsten Auszeechnung fir Persounen, déi der Mënschheet duerch hiert Engagement e groussen Notze bréngen an duerch hir Beméiunge fir de Fridde kämpfen. Iwwerreecht gëtt d’Auszeechnung all Joer um 10. Dezember – net nëmmen de Weltdag vun de Mënscherechter, mee och den Doudesdag vum Alfred Nobel.

Op de schwedeschen Erfinder geet de Friddensnobelpräis nämlech zeréck. Am jonken Alter vu 26 Joer huet hien ugefaange mat Nitroglycerin ze experimentéieren, bis hie schliisslech eng explosiv Substanz fonnt an déi fir de Mënsch notzbar gemaach huet: den Dynamit.

Iwwer 350 Patenter an zuelräich Fabricken op der ganzer Welt hunn den Alfred Bernhard Nobel räich gemaach. Ma, seng Suen sollten no sengem Dout fir de gudden Zweck agesat ginn. A sengem Testament hat hien nämlech uginn, datt de Groussdeel vu sengem Räichtum an eng Stëftung goe soll, déi all Joer déi Persounen beloune soll, déi „der Mënschheet de gréissten Notze bruecht hunn“.

Gestuerwen ass den Nobel am Joer 1896. D’Nobelstëftung, déi privat Ariichtung déi den Nobelpräis verwalt a finanzéiert, gouf den 29. Juni 1900 an d’Liewe geruff. Annerhalleft Joer drop gouf d’Auszeechnung eng éischte Kéier iwwerreecht. Dobäi sinn et d’Kategorien Physik, Chimie, Medezin, Literatur a Friddensbeméiungen, déi den Alfred Nobel festgeluecht hat.

Nieft dem Albert Einstein, Nelson Mandela an der Mutter Theresa, erënnere mir eis sécher all un déi jéngst Präisdréierin. Mat 17 Joer gouf d’Malala Yousafzai am Joer 2014 ausgezeechent fir säi Kampf géint d’Ënnerdréckung vu Kanner an den Asaz fir hiert Recht op Bildung.

Scho mat 11 Joer huet dat jonkt Meedchen sech a Pakistan fir d’Rechter vu Meedercher agesat, an dat obwuel et riskéiert huet fir säin Engagement ëmbruecht ze ginn. Esou krut hatt 2012 vu radikalislamisteschen Taliban am Schoulbus an de Kapp geschoss, konnt schwéierblesséiert iwwerliewen an huet sech ëmsou méi engagéiert.

Déi éischt Fra, déi de Friddensnobelpräis iwwerreecht krut, war iwwregens d’Bertha von Suttner. Hiert pazifistescht Wiesen huet si als Schrëftstellerin vertrueden a krut esou 1905 virun allem fir hiert Wierk „Die Waffen nieder!“ d’Auszeechnung verginn.

Ma, viru genee 50 Joer war et de fréieren däitsche Kanzler Willy Brandt, deen zur Entspanung tëscht Ost a West bäigedroen huet a soumat mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gouf.

Wien d’Zeremonie vun der Iwwerreechung vum Nobelpräis 2021 net verpasse wëll, dee sollt um 13:00 Auer de Livestream op YouTube net verpassen.

Dernières nouvelles