Gewalt bei der Gebuert: Sensibiliséierungsvideo vu Rose Revolution

All Joer um 25. November gi Rousen do néiergeluecht, wou Frae Gewalt bei der Gebuerts(shëllef) erlieft hunn. Zu Lëtzebuerg gouf fir eng 9. Kéier un der globaler Beweegung „Rose Revolution“ deelgeholl a gewisen, datt och hei am Land Mammen net verschount bleiwen.

D’Gebuert vum Kand sollt am Liewe vun enger Mamm, respektiv den Elteren e bedeitende Moment sinn. Déi traureg Realitéit gesäit esou aus, datt ëmmer méi Fraen physesch a psychesch Gewalt wärend der Gebuert oder direkt duerno erliewen, net dee Respekt an déi Hëllef kréien, déi si benéidegen a sech doduerch am Stach gelooss fillen.

Am Video vun The Roses Revolution Luxembourg loossen verschidde Fraen en Abléck an hir traumatesch Erliefnisser zou. Si krute Medikamenter a Substanzen verofreecht, Agrëffer goufe virgeholl, an dat ouni opgekläert ze ginn an/oder nom Averständnes ze froen.Si hunn net déi gewënschte Begleedung a Mënschlechkeet erlieft.

Dernières nouvelles