Europäescht Joer vun der Jugend: „Gëff denger Visioun eng Stemm“

Am Kader vum europäesche Joer vun der Jugend huet d‘EU-Kommissioun en neien digitalen an interaktiven Outil erausbruecht, dee jonke Mënschen déi gewënschten Opmierksamkeet, awer och Gehéier schenkt. Wéi den Numm „Gëff denger Visioun eng Stemm“ et scho seet, kann hei e perséinleche Message opgeholl a verëffentlecht ginn zu all deenen Theemen, déi der Jugend um Häerze leien.

Déi eenzegaarteg Plattform gouf esou konzipéiert, datt jonk Mënschen mat de verschiddensten Nationalitéiten, Sproochen an Hannergrënn sech zu den ënnerschiddlechsten Themen (z.B. Fridden a Sécherheet, Klimawandel, Bildung, psychesch Gesondheet, Beruffschancen, …) äussere kennen.

Ma, fir och iwwert d`Grenzen hinaus verstanen ze ginn erkennt de Site d‘Sprooch a kann doduerch mat all Stemm interagéieren. Dat Gesoten ass doduerch an allen anere Sproochen, déi an der EU geschwat ginn, verfügbar.

Presentéiert gouf d‘Plattform beispillsweis um Europadag zu Esch-Uelzecht. Passend zum Aktiounsjoer gëtt vum 22. bis 29. Juli en Erasmus+ Projet zu Munneref organiséiert, bei deem Jugendlecher aus verschidde Länner sportlech a kulturell Aktivitéiten ugebuede kréien.

Gläichzäiteg gëtt och op de Festival „On Stéitsch“ opmierksam gemaach, dee vum SNJ organiséiert gëtt. Um 24. a 25. September 2022 kréie jugendlech Artisten eng Bün gebueden, op där si hiert Talent weise kennen, sief dat an der Musek, der Konscht oder dem Sport.

All Aktivitéite sinn op europa.eu ze fannen.

Dernières nouvelles