Editorial: Privatiséierung vum Gesondheetssystem

Datt et bannent der Regierung kaum ee wäert hunn dee sech wot et ëffentlech auszeschwätzen, sollt eis elo net gleewen doen, datt eng Politik vum „de Maart reegelt dat schonn“ net längst op de Wee gaange wier, sech Gedanken zur Privatiséierung vum Gesondheetssystem ze maachen. Esouguer de Wëllen zu Privatiséierung vun der Sozial-/Krankeversécherung léist sech net méi verheemlechen.

Et ass dat eng ambitiéis a duerchaus interesséiert Politik, déi esou jo vum CSV-Jurist, Deputéierten a Maacher Buergermeeschter Léon Gloden schéngt matgedroen ze ginn. Dat d‘CSV hir „Zaldoten“ jo och virzuchsweis am „private Gesondheetsberäich“ ënnerbréngt ass bekannt, bei der DP ass net wierklech anescht an wann ee laang genuch sicht, fënnt sech och deen een oder anere Sozialist…

Dovun emol ofgesinn, huet scho vill privat Acteuren am medezinesche Beräich, wéi deen dem Bistum ënnerstallte Grupp vun den „Hôpitaux Robert Schumann“, déi ausser Spidol nach ganz vill aner lukrativ Servicer (Laboratoires Reunis, Alters- a Fleegeheemer, Fleegedéngscht, asw) an hirem Portfolio hunn. Dat alles ass iwwer Jore gewuess, ëmmer mat der Ënnerstëtzung vum Legislateur.

Elo sinn awer déi lénk veriergert an denoncéieren dës schläichend Privatiséierung. Si notéieren esou, datt vun den eelef IRMen der scho genuch dem Grupp HRS zougestane goufen. Si sinn doriwwer eraus net glécklech mat Fait, datt en IRM op d‘Musel beim „GIE Centre Medical Potaschbierg“ (CMP) – ass kee Spidol – soll kommen, an dat net well et net gebraucht géif ginn.

De GIE (dat ass ee Groupement d‘Interêt Economique – NvdR) „Centre Medical Potaschbierg“ ass laut Handelsregëster am September 2019 agedroe ginn. Zwee vun den do aktive Medeziner, den Dr Dominik Doerr an den DR Martin Bauer (allebéid däitsch Genossen) hale 50% vun de Parten, beim Rescht gëtt et da séier oniwwersiichtlech, wat awer wuel och Sënn an Zweck vun engem GIE ass.

Hei muss dann drun erënnert ginn, wann ee jo scho sollt dierfe behaapten datt och deen „Zenter“ eigentlech näischt anescht wéi eng grouss Dokteschpraxis ass, d‘Verwaltungsgeriichrt am Dezember 2019 engem Dokter d‘Installatioun vun engem IRM a senger Praxis ënnersot huet. Et dierf weider drun erënnert ginn, datt laut der Nomenklatura vun der CNS, en IRM deen an enger privater Dokteschpraxis gemaach gëtt, net remboursabel ass. Also zumindest theoretesch…

Dat géif bedeiten, datt eigentlech just den „ëffentleche Gesondheetssecteur“ de Monopol fir d‘Ausféierung vun den IRMen hunn. Elo huet et leider net wierklech genuch dëser Apparater an si wieren och nach schlecht verdeelt. Esouguer d‘Tess Burton, LSAP-Deputéiert aus dem Osten huet bestätegt, datt d‘Patienten am CMP den IRM an der éischter Phas aus der eegener Täsch bezuelen.

Et kann een dovunner ausgoen – eis däitsch Dokteren hu jo vill Erfarung wat Privatpatiente betrëfft, a si wësse vum Räichtum am Land – datt wéi an der Psychiatrie, eng gewësser Clientèle nees besser gestallt wäert sinn. Et geet also nëmmen ëm de Goss? A gewësser Mooss schonn, well esou en IRM huet wuel en héijen Invest, mee d‘Rechnungen déi een ausstelle kann, an de Besoin loossen drop schléissen, datt et ee lukratiivt Geschäft bleift. Dat och well d‘Demande weiderhin héich bleift.

Den Trend vun der ongebremster Liberalisatioun vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen ass wuel net méi opzehalen. Dat besonnesch am Gesondheetssecteur, wou all gudden Dag eng nei Entreprise sech opdeet, fir d‘Leit doheem ze fleegen. A jo och hei huet ech schonn eng gewësse Privatclientèle, déi no eppes differenzéierte Krittäre – si bezuele jo méi – berécksiichtegt ginn.

Illustratioun: Den IRM ass eng wuel praktesch Erfindung, déi derzou bäidréit séier Bobboen ze entdecken, déi esou kaum ersiichtlech sinn. D‘Technik ass richteg Deier, firwat déi operativ Käschten entspriechend héich sinn. © National Cancer Institute / unsplash

Dernières nouvelles