Nei am Kino: „Ghostbusters: Legacy“

An dësem neie Film geet et ëm eng elengerzéiend Mamm. Duerch finanziell Problemer muss si mat hire Kanner an dat aalt Haus vun hirem verstuerwene Papp plënneren.

Den Trevor ass matzen an der Pubertéit, d‘Phoebe ass ee sougenannte Nerd, ewéi en am Buch steet. Vu wiem hatt dat wuel huet? Aus hirem fréiere Liewen erausgerappt, mierken d‘Gesëschter séier, datt sou munches komesch an hirem neien Doheem ass. Bei hire Recherchë ginn déi zwee iwwerraschenderweis vum Schoulmeeschter Grooberson ënnerstëtzt. Dëse gëtt vum Paul Rudd gespillt, deen iwwregens kierzlech zum « sexiest man alive » gewielt gouf.

No enger weiderer beonrouegender Entdeckung ass et fir d‘Famill kloer: De verstuerwene Bopa war ee vun de fréiere, berüümte Ghostbuster.

D‘Ereegnesser iwwerschloe sech, Äerdbiewe maachen déi kleng Uertschaft onsécher.

Ass dat ee Fall fir d‘Ghostbusters?

Och wann ech eigentlech net vill spoilere wëll, esou ass dach séier gewosst (an offensichtlech), datt de Bopi vun de Kanner, den Egon Spengler – de fréiere Genie vun de Ghostbusters ass. Firwat huet hien esou zeréckgezunn gelieft?

Frënn vun den ale schrullegen Geeschterjeeër wäerten un dëser Neioplo hier grouss Freed hunn. Sech nostalgesch an al fillen. Ghostbusters -an domat ass den Originalfilm mam Bill Murray an dem Dan Aykroyd gemengt, ass a bleift een Klassiker. An zu sengen Éieren gouf dëse wonnerbar Hommage geschaaft. A wat soll ee soen? Et ass ee Meeschterwierk.

Et gi Marshmallowe gegrillt, et begéint een al Bekannten a Géigner erëm. D‘Effekter si wonnerbar, se hunn d’Potenzial, de Spectateur vu sengem Sëtz ze rappen. Sou munche Moment suergt fir Héngerhaut. A wann een nom Film ganz bedächteg am Sall sëtze bleift, well den Original-Titelsong vu fréier am Ofspann leeft, dann huet de Regisseur alles richteg gemaach – an de Spectateur gëtt mat enger zousätzlecher Zeen belount.

Ech si mir sécher, datt eis Kanner net nëmmen deen ale Film kenneléieren, spéiderhin wäerte se hirem Nowuess och dës Versioun weisen. Et ass déi perfekten Ergänzung. An déi kuckt d‘Famill dann mat engem laachenden a kräischenden A.

Dernières nouvelles